Herodion

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Herodion, och Herodium genannt ass eng Palastanlag, déi zu enger Festung ausgebaut war. Zwielef Kilometer südlech vu Jerusalem, am haitege Westjordanland, hat den Herodes de Groussen (74-4 v. Chr.) tëscht 24 an 12. v. Chr. déi Festung op engem kënschtleche Bierg uleeë gelooss.

De Bau[änneren | Quelltext änneren]

De Bierg huet nach haut d'Form vun enger stompeger Keel, vun där de Plateau op enger Héicht vu 758 Meter läit. Fir op déi Héicht ze kommen gouf en Hiwwel ëm en Drëttel weider opgetippt. Sou war vun do aus Jerusalem gutt ze gesinn. Uewen drop gouf eng Zort Zitadell opgeriicht, an déi ë. a. e Mausoleum histoe koum. Um Fouss vum Bierg gouf en zweete Past ugeluecht.

Commons: Herodium – Biller, Videoen oder Audiodateien