Hierarchie vun den Normen (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen!

D'Theorie vun der Hierarchie vun den Normen ass e Konzept fir déi verschidden Norme vun engem Rechtssystem a Relatioun zuenaner ze bréngen.

D'Theorie gouf vum éisträichesche Jurist Hans Kelsen entwéckelt a gëtt als Pyramid duergestallt.

Jiddwer Norm an där Pyramid muss mat alle Reegelen déi iwwert hir stinn, konform oder op d'mannst mat hinne kompatibel sinn.

Am nationale Rechtssystem steet d'Constitutioun op der ieweschter Plaz an der Hierarchie vun den normative Rechtsakten. Do drënner kommen:

D'internationaalt Recht steet der Jurisprudenz no iwwert dem nationale Recht.

E ratifizéierten Traité verflicht de Staat sech op internationalem Plang drun ze halen an e ka sech net op nationaalt Recht beruffe fir den Traité net ze respektéieren. Dat selwecht zielt och fir EU-Reglementer oder EU-Direktiven.

D'Geriichter sinn zoustänneg fir ze sanctionéieren am Fall wou d'Hierarchie vun den Normen net agehale géif. D'Verfassungsgeriicht iwwerpréift ob déi legislativ Texter mat der Verfassung konform sinn, iwwerdeems d'uerdentlech Geriichtsbarkeet d'Konformitéit vun de Reglementer mat der Verfassung an de Gesetzer oder och nach déi national Gesetzer mat den internationale Reegelen déi zu Lëtzebuerg gülteg sinn, iwwerpréift.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Besch, Marc. (2019). Normes et légistique en droit public luxembourgeois (Vademecum). Windhof: Promoculture-Larcier.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. confirméiert duerch den « Arrêt de la Cour Constitutionnelle n° 95/13 du 19 mars 2013 ». Memorial 54/2013. legilux.public.lu (19.03.2013). Gekuckt de(n) 17.05.2022.