Hieronymus vu Stridon

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Hieronymus als Schreiwer, vum Caravaggio

Den Hieronymus vu Stridon (Sophronius Eusebius Hieronymus), och nach Hellege Jérôme genannt, gebuer 347 zu Stridon an Dalmatien, a gestuerwen den 30. September 420 zu Betlehem, war e Kierchepapp, en Hellegen an e Theolog. Säi Gedenkdag gëtt den 30. September gefeiert. Hien ass de Patréiner vun der franséischer Stad Lyon, vu Schüler, Studenten, Enseignanten, Theologen an Iwwersetzer. Seng Attributer sinn ënner anerem e Kardinolshutt, e Léiw, d'Bibel oder en Doudekapp.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Hieronymus ass vu senge räichen Elteren op Roum geschéckt gi fir Grammatik, Rhetorik a Philosophie ze studéieren. Am Ufank war hien net un der Bibel intresséiert, mä nodeem hien der Legend no engem Engel begéint war, huet hie sech am Joer 366 deefe gelooss.

Duerno huet hien an engem Klouschter zu Tréier studéiert, duerno zu Aquileia, eng Stad am Norden vun Italien, a schlussendlech zu Antochia, haut Antakya, eng Stad am Süde vun der Tierkei wou e Griichesch geléiert huet. Bis 378 huet e mat Einsiidler an der Wüst Chalkis bei Aleppo, haut a Syrien, ënner strenger Askes gelieft, wou en no engem Dram e Gelübd ofgeluecht huet fir sech net méi no der heednescher philosophescher Literatur z'orientéieren.

Den Hieronymus huet och nach Hebräesch geléiert mä wéinst den Decisiounen, déi um 1. Konzil vun Nicäa beschloss goufen, huet hien d'Mënchgemeinschaft verlooss a goung erëm zréck op Antiochia. Vum Paulinus vun Antiochia gouf hien zum Paschtouer geweit.

380 bis 381 huet hien zu Konstantinopel, haut Istanbul, d'Geschicht vum Eusebius vu Cäsarea iwwerschafft an op Latäin iwwersat. 382 goung den Hieronymus zréck op Roum fir un der Synod vum réimesche Bëschof Damasus I. deelzehuelen. Do gouf hien zum Sekretär vum Damasus I. ernannt a krut den Optrag d'Bibel op Latäin z'iwwersetzen, déi spéider Vulgata.

Nodeem den Damasus I. 384 gestuerwe war, wollten e puer vu sengen Unhänger den Hieronymus als Nofolger wielen, mä wéinst senger däitlecher Kritik um Klerus a senge verschiddene Bezéiungen zu e puer Fraen aus dem réimeschen Adel ass hie schlussendlech net gewielt ginn. Enttäuscht huet den Hieronymus 385 Roum verlooss an ass iwwer Zypern an Antochia bis op Betlehem gereest, wou en zesumme mam Paula vu Roum 4 Kléischter gegrënnt huet: 3 fir Nonnen an ee fir Mënchen.

35 Joer laang huet den Hieronymus zréckgezunn am Klouschter gelieft a a vill verschidde Schrëfte verfaasst. 420 ass hien zu Betlehem gestuerwen, a gouf do an der Krypta vun der Gebuertskierch begruewen. Am 13. Joerhonnert si seng Schanken op Roum an d'Basilika Maria ad Praesepe transferéiert ginn.

Legend[änneren | Quelltext änneren]

Der Léiwelegend no huet den Hellegen Hieronymus, wéi en an der Wüst Chalkis gelieft huet, engem Léif, deen di aner Mënche verjot hat, eng Spläiter aus der Patt gezunn. De Léiw ass dunn als Hausdéier bei him bliwwen an huet op den Iesel opgepasst, deen d'Holz fir d'Mënchen transportéiert huet. Enges Daags ass en dunn awer entschlof an eng Karawann huet den Iesel matgeholl. De Léiw ass beschëllegt ginn den Iesel gefriess ze hunn a huet vun do un d'Holz selwer missen droen. Enges Daags huet de Léiw rëm déiselwecht Karawann mam Iesel gesinn. Mat Gebrëlls huet en den Iesel zréck bei den Hieronymus gedriwwen.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Den Hellegen Hieronymus huet d'Bibel op Latäin iwwersat. D'Vulgata, wéi déi Versioun genannt gëtt, ass déi, déi nach hautdesdaags benotzt gëtt. Hien huet och dem Eusebius vu Cäsarea säi Wierk iwwerschafft, iwwersat a bis an d'Joer 378 weidergeschriwwen. Dat war dat éischt Wierk, dat di ganz Zäit vun Abraham bis an d'Joer 378 ofdeckt. Niewen der Vulgata huet den Hieronymus awer och vill Bréiwer geschriwwen, si sinn haut eng wichteg Quell fir Ereegnesser aus där Zäit.

Konschtgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Hieronymus ass dacks an der Konscht duergestallt ginn:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]