Histoire(s) de jeunesse(s)

Vu Wikipedia
Histoire(s) de jeunesse(s)
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 23. Abrëll 2001
Dauer 66 min
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Anne Schroeder
Fotografie Jean-Louis Sonzogni
Musek Serge Tonnar
Schnëtt Yves Dorme
Produzent Claude Waringo (Samsa Film)
Produktiouns-
gesellschaft
Samsa Film
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Histoire(s) de jeunesse(s) ass e lëtzebuergeschen Documentaire vun der Anne Schroeder aus dem Joer 2001. En hat seng Première den 23. Abrëll 2001 am Kino Utopia, a Kader vun der Semaine du documentaire luxembourgeois.[1]

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Film erzielt unhand vun Aussschnëtter aus private Familljefilmer a vun Interviewen, wat et bedeit, e Kand oder e Jugendlechen zu Lëtzebuerg ze sinn, vun den 1920er Joren un bis Ufanks vum 21. Joerhonnert.

Filmproduktioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Aarbechte fir de Film hunn zwee Joer an Usproch geholl.[2][3] Fir d'Schreiwen an d'Entwéckele vun der Iddi vum Film krut d'Produktiounsgesellschaft Samsa Film 1998 e Subside vum Lëtzebuerger Filmfong an Héicht vun 1,86 Millioune Lëtzebuerger Frang.[4] Am Joer 2000 ass dunn nach eng weider finanziell Hëllef vu fënnef Millioune Frang fir d'Produktioun vum Documentaire dobäikomm.[5] 2001 krut Samsa Film dunn eng "Aide à la promotion" an Héicht vu 416.185 Frang, deemools ronn 10.300 Euro.[6]

17 Joer méi spéit huet d'Anne Schroeder en Documentaire mat engem änlechen Titel, Histoire(s) de femme(s), erausbruecht, deen iwwer d'Fraen zu Lëtzebuerg am 20. Joerhonnert geet.

Kritik[änneren | Quelltext änneren]

Josée Hansen, d'Lëtzebuerger Land:[2]

Le grand mérite de ce film est d'avoir commencé ces recherches, sa réussite de les faire oublier. À la fin, il reste une impression de quelque chose d'assez ludique, malgré les quelques chapitres plus graves dans le film. La légèreté l'a emporté au rythmes des mesures de la musique. C'est peut-être cela, la vraie force de la jeunesse.

Sylvie Bonne, Woxx:[3]

„Histoire(s) de jeunesse(s)“ fällt als Dokumentarfilm in die Kategorie des „film d'auteur“ der immer auch den persönlichen Standpunkt der Regisseurin wiedergibt. [...] Mit Gefühl und viel Geduld verknüpfte [Anne Schroeder] Wort und Bild. [...] Serge Tonnar sorgt zusätzlich mit musikalischen Arrengements und Eigenkompositionen für die treffende Note. Mit „Histoire(s) de jeunesse(s)“ spricht Anne Schroeder alle an, die jung waren oder jung sind.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Rapport d'activité du Ministère de la Culture 2001, Säit 196
  2. 2,0 2,1 land.lu: Fight the Power! vum Josée Hansen (19. Abrëll 2001)
  3. 3,0 3,1 woxx.lu: Schroeder Anne: Die Celluloid-Künstlerin vum Sylvie Bonne (20. Abrëll 2001)
  4. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1998, Mäerz 1999, Säit 201
  5. Rapport d'activité du Ministère de la Culture 2000, Säit 208
  6. Rapport Annuel 2001 vum Lëtzebuerger Filmfong, Säit 7