IIHF-Weltranglëscht

Vu Wikipedia

D'IIHF-Weltranglëscht ass déi offiziell Weltranglëscht am Äishockey a gëtt vum Weltverband IIHF gefouert. Si gouf am September 2003 fir d'éischt Kéier verëffentlecht an erméiglecht et, a reegelméissegen Ofstänn d'Stäerkt vun den international aktiven Nationalekippen ze bestëmmen an ze vergläichen.

Am Ranking ginn nëmme Matcher aus de leschten fënnef Joer berécksiichtegt, fir e besseren Iwwerbléck iwwer déi aktuell Stäerkt ze garantéieren. D'Ranglëscht gëtt eemol oder zweemol pro Joer aktualiséiert.

Aktuell Ranglëscht vun den Hären[änneren | Quelltext änneren]

An der aktueller Ranglëscht (Stand: Mee 2018) steet Kanada un der Spëtzt. Op de Plazen zwee an dräi komme Schweden a Russland.

Lëtzebuerg war 2003 fir d'éischt op der 42. Plaz, déi bescht Positioun, op där se jee waren. Si ass zurzäit och op der 42. Plaz mat 790 Punkten.

Plaz Land Punkten
1. CANCAN Kanada 3990
2. SWESWE Schweden 3945
3. RUSRUS Russland 3930
4. USAUSA USA 3765
5. FINFIN Finnland 3765
6. CZECZE Tschechesch Republik 3690
7. CHECHE Schwäiz 3590
8. DEUDEU Däitschland 3575
9. NORNOR Norwegen 3270
10. SVKSVK Slowakei 3245
...
42. LUXLUX Lëtzebuerg 790
...
50.* KWTKWT Kuwait 140

Notten:

  • * – déi lescht Plaz

Aktuell Ranglëscht vun den Dammen[änneren | Quelltext änneren]

Hei gëllt eng aner Punkteberechnung (Stand: 30. Abrëll 2018).

Plaz Land Punkten
1. USA USA 4200
2. Kanada Kanada 4060
3. Finnland Finnland 3910
4. Russland Russland 3830
5. Schwäiz Schwäiz 3655
6. Schweden Schweden 3615
7. Japan Japan 3555
8. Däitschland Däitschland 3475
9. Tschechesch Republik Tschechesch Republik 3470
10. Frankräich Frankräich 3225
...
38.* Belsch Belsch 930

Notten:

  • * – déi lescht Plaz

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]