Äishockey

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Äishockeyspiller

Äishockey ass en Ekippesport, dee mat jee 5 Feldspiller an engem Golkipp op engem ongeféier 60 x 30 Meter groussen Terrain aus Äis gespillt gëtt. Et gëllt, mat engem Blëll e klengen Disk aus haardem Gummi, Puck genannt, an de géigneresche Gol ze schéissen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Äishockey ass tëscht 1840 an 1875 a Kanada entstanen, wou brittesch Zaldoten d'schottescht Shinney op Äis a Schnéi gespillt hunn. Den Numm Hockey kënnt aus dem Franséischen an heescht "kromme Bengel".

Äishockey ass duerch d'International Ice Hockey Federation (IIHF) international organiséiert. Et gëtt haut 64 Memberclibb am Weltverband.

Spillreegelen[änneren | Quelltext änneren]

Äishockey zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gëtt et 5 Jugendekippen an 2 Seniorsekippen. D'Jugendekippe spillen dat franséischt Championnat.

D'Ekippen Huskies Junior Ice Hockey Club an Tornado Luxembourg trainéieren op den Äispisten op der Kockelscheier.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Äishockey – Biller, Videoen oder Audiodateien