iLife
| Dësen Informatiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
iLife si 5 Programmer vun Apple fir Mac OS 10.2 oder méi nei. Den iLife ass bekannt fir déi einfach a séier Aart a Weis fir dermat ze schaffen.
Am Package sinn derbäi: den iMovie, fir selwer Filmer um Mac, z. B. vun der Vakanz, z'importéieren, ze schneiden an dann op DVD ze brennen, mat Hëllef vum iDVD, deen och derbäi ass. Dann ass nach den iPhoto derbäi, mat deem ee seng digital Fotoe kammoud importéire kann an dann Diashowen oder Fotoalbumen maache kann. Fir Musek selwer um Computer ze maachen ass de Garage Band derbäi, mat deem ee schonn installéiert Loopen einfach zesummesetze kann oder Musek an de Computer eraspille kann.
Nei beim iLife '06 war den iWeb, mat deem sech séier eng Internetsäit maache léisst.
Déi aktuell Versioun ass, säit dem 6. Januar 2009 den "iLife ’09".