Betribssystem

Vu Wikipedia
Dësen Informatiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dës Grafik weist den Zesummenhang tëscht dem Betribssystem, der Hardware, der Uwendungssoftware an dem Benotzer

E Betribssystem ass d'Software, déi de Gebrauch (Betrib) vun engem Computer méiglech mécht. Et verwalt d'Betribsmëttel wéi Späicher, d'Apparate fir Donnéeën an- oder auszeginn a steiert d'Ausféierung vu Programmer.

Betribssystem heescht op Englesch operating system (OS). Dësen engleschen Ausdrock kennzeechent och säi Sënn an Zweck. Betribssysteme bestinn an der Reegel aus engem Kär (englesch: Kernel), deen d'Hardware vum Computer verwalt, an och aus fundamentale Systemprogrammen, déi zum Start vum Betribssystem a zu senger Konfiguratioun noutwenneg si. Eng Differenz gëtt gemaach bei Eenzelbenotzer- a Méibenotzersystemen.

Den am wäitverbreetste Betribssystem fir Desktopcomputer fir en allgemenge Public ass Microsoft Windows, mat engem Maartundeel vu ronn 73 % am Juli 2021. Duerno kënnt de Mac OS vun Apple mat 15 %.[1] Donieft gëtt et och nach fräi Betribssystemer wéi Linux, Ubuntu oder Darwin.

E mobille Betribssystem ass e Betribssystem, deen op engem mobillen Apparat funktionéiert, wéi zum Beispill engem Smartphone, engem Tablet, enger Smartwatch oder Smart Speaker (Lautsprecher, déi mam Internet verbonne sinn). Wärend e Computer wéi e Laptop typesch och "mobil" ass, gëtt de Betribssystem dorop net als mobil ugesinn, well en ursprénglech fir den Desktopcomputer entwéckelt gouf, dee an der Vergaangenheet keng spezifesch mobill Funktiounen hat oder néideg hat. Deen Ënnerscheed gëtt méi a méi verschwomme mat den neie Betribssystemer, déi eng Tëscheform fir béid Zwecker duerstellen. Déi geleefegst mobil Betribssystemer sinn Android an iOS.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Betribssystemen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. gs.statcounter.com: Desktop Operating System Market Share Worldwide | July 2020 - July 2021 (gekuckt de 17. August 2021)