Microsoft Windows
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Microsoft Windows ass e Markennumm fir Betribssystemer vun der Firma Microsoft. Déi éischt Versioun vu Microsoft Windows koum 1985 op de Maart a war grad wéi déi nächst Versiounen och eng einfach graphesch Erweiderung vum Betribssystem MS-DOS. Mëttlerweil huet Windows d'DOS Fundament awer komplett verlooss a baut op en eegene Kernel op.
Inhaltsverzeechnes |
Déi lëtzebuergesch Versioun vu Windows an Office[änneren]
Den 23. Juni 2006, op Nationalfeierdag also, huet Microsoft déi lëtzebuergesch Versioun vu Windows an Office op hirer Internetsäit virgestallt. D'Iwwersetzungsaarbechte goufe vum lëtzebuergesche Linguist Jérôme Lulling superviséiert.
Fir den Ufank kann een emol 2 sougenannt Interface Packs eroflueden, déi awer nëmmen iwwer eng englesch Windows XP, resp. Office 2003 installéiert kënne ginn.
Produktlinnen[änneren]
| Joer | DOS-Linn | NT Kernel-Linn |
|---|---|---|
| 1985 | 1.0 | |
| 1987 | 2.0 | |
| 1990 | 3.0 | |
| 1992 | 3.1 | |
| 1993 | Windows NT 3.1 | |
| 1994 | Windows NT 3.5 | |
| 1995 | 95 | Windows NT 3.51 |
| 1996 | Windows NT 3.5 | |
| 1998 | 98 | Windows NT 4.0 |
| 1999 | 98SE | |
| 2000 | ME | Windows 2000 |
| 2001 | Windows XP | |
| 2007 | Windows Vista | |
| 2009 | Windows 7 |
Kuckt och[änneren]
Um Spaweck[änneren]
- Säit iwwert all d'Windowsversioune mat ville Screenshots
- windowszone.de - Wëssensportal ronderëm Windows
- Offiziell Säit vu Microsoft zu Lëtzebuerg
- Microsoft Windows an Office op Lëtzebuergesch
| Commons: Microsoft Windows – Biller, Videoen oder Audiodateien |