Ielebou
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Ielebou, op Latäin: articulatio cubiti, ass e Gelenk dat den ieweschten Deel mam ënneschten Deel vum Aarm verbënnt.
Et ass e besonnescht Gelenk, well den ieweschten Aarm aus enger (dem humerus), deen ënneschten aus zwou Schanke besteet. Dat bedeit, datt den Ielebou net nëmmen erméiglecht, den Aarm ze béien, mee och, den ënneschten Aarm ze dréinen. Dobäi dréint sech d'Speech (radius) ëm d'Ieleschank (ulna).
D'Gelenk vum Ielebou gëtt zesummegehal duerch Bänner, déi bannen a bausse vum Gelenk lafen.