Inter-American Development Bank
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Inter-American Development Bank (kuerz IDB, oder IADB), ass eng multilateral Entwécklungsbank, déi 1959 gegrënnt gouf an hire Sëtz zu Washington (D.C.) USA huet.
Hir Missioun ass et, déi wirtschafts- a sozialpolitesch Entwécklung a Mëttel- a Südamerika duerch d'Finanzéierung vu Projeten, déi deem Zweck déngen, virunzedreiwen. D'Bank huet 47 onofhängeg Memberlänner als Aktionären, vun deenen der 26 berechtegt sinn, Prêten ze froen.