Invasiounsträifen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Invasiounsträife ware schwaarz a wäiss Sträifen déi um Romp an op de Flilleke vun den alliéierte Fligere gemoolt waren, déi am Zweete Weltkrich bei der Landung an der Nomandie derbäi waren.
Et waren dräi wäiss an zwou schwaarz Sträifen déi an der Regel zwéi Fouss breet waren, an déi derzou gedéngt hunn, datt d'Fligere liicht konnte vun den eegene Leit erkannt ginn, wouduercher de Risiko fir e Beschoss vun eegener Säit, dem sougenannte friendly fire, sollt ausgeschalt ginn.
| Commons: Invasiounsträifen – Biller, Videoen oder Audiodateien |