Istituto Nazionale di Statistica
D'Istituto Nazionale di Statistica (ISTAT; Lëtzebuergesch: "Nationaalt Institut fir Statistik") ass dat italienescht Statistikamt, ze vergläiche mam STATEC zu Lëtzebuerg.
Et gouf am Joer 1926 gegrënnt, ënnert anerem ass et fir d'Duerchféiere vun der Vollekszielung zoustänneg. An Italien gëtt et ausser de statisteschen Ämter vun den autonome Provënze Südtiroul an Trentino nëmmen déi eng national Administratioun.
[änneren] Aufgaben
Nieft der Vollekszielung gëtt och di wirtschaftlech Aktivitéit (Produktivitéit), d'Konsumverhalen, d'Alldagskultur, d'Gesondheet, d'Fräizäitverhalen, d'Bautätegkeet a.v.m beobacht.
An Zesummenhank mat der Aféirung vum Euro, deen an Italien zu enger gefillter Präisdéirecht gefouert huet, ass an de Joren 2002 bis 2005 och d'Zoustännegkeet vum ISTAT fir de Verbraucherpräisindex an d'Bléckfeld vun der Ëffentlechkeet geroden. Dobäi ass absëns d'Auswiel vun der Wuerecorbeille kritiséiert ginn, déi net de wierklechen Ausgaben entsprieche soll.