Iswestija

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Iswestija (Известия - "Noriichten") ass eng russesch Zeitung, déi sech mat enger Oplo vun 230.000 Exemplaren un déi guttsituéiert Intelligenz a politesch Elite riicht.

Si gouf den 28. Februar (al Zäitrechnung) 1917 zu Petrograd gegrënnt, deemools als sowjetescht Regierungsblat, wéi et schéngt Géigegewiicht zur Pravda, déi als déi offiziell Stëmm vun der Kommunistescher Partei gegollt huet. Ursprénglech huet d'Iswestija d'Positioune vun de Menschewiken an de Trudowike vertrueden.

Haut ass aus hir eng analytesch Zeitung ginn, déi am staark politiséierte russesche Medieraum am rietsen Zentrum steet.

Am Summer 2005 goufe 50,2 % vun den Iswestija-Aktien un de kremlnoe Mediekonzern Gasprom-Media verkaaft.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Izvestia – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen