J Harlen Bretz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den J Harlen Bretz [1],gebuer den 2. September 1882 zu Saranac am Michigan, a gestuerwen den 3. Februar 1981 zu Homewood am Illinois, war en US-amerikanesche Geolog, deen duerch seng Fuerschungen an den Channeled Scablands bekannt gouf. Seng Fuerschungen haten als Resultat d'Unerkennung vun der Theorie vu groussen Iwwerschwemmungen an Nordwest-Amerika, déi sougenannte Missoula-Fluten, um Enn vun der leschter Äiszäit.
Hien huet e Wierk iwwer d'Form an den Urspronk vu Karsthiele geschriwwen, an eng ausféierlech Beschreiwung vun den Hielen aus dem Missouri, The Caves of Missouri.
Referenzen [änneren]
- ↑ De Bretz huet kee Punkt hanner dem éischten Ufanksbuschtaf gebraucht, kuckt: Bretz, J Harlen (1882-1981). historylink.org