Jacques-Yves Cousteau

Vu Wikipedia
Jacques-Yves Cousteau
Gebuer 11. Juni 1910
Saint-André-de-Cubzac
Gestuerwen 25. Juni 1997
17. Arrondissement
Doudesursaach akuten Häerzinfarkt
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Collège Stanislas
Aktivitéit Zoolog, Explorateur, Filmmécher, Fotograf, Naturschützer, Schrëftsteller, Erfinder, Dréibuchauteur, Mierbiolog, Ingenieur, Biolog, Filmregisseur
Member vun Académie française, National Academy of Sciences
D'Calypso 1999 am Hafe vu La Rochelle.

De Jacques-Yves Cousteau, gebuer den 11. Juni 1910 zu Saint-André-de-Cubzac bei Bordeaux a gestuerwen de 25. Juni 1997 zu Paräis, war e franséische Mieresfuerscher a Pionéier vu gefilmten Documentairen iwwer d'Liewen am Mier.[1]

De Cousteau ass 1933 an déi franséisch Marinn agetrueden, wou e bis 1956 a Service war an et do zu engem Korvettekapitän bruecht huet. Am Zweete Weltkrich war hie Member vun der Résistence, woufir en 1943 d'Légion d'honneur krut. Scho wärend, mä besonnesch nom Krich, huet hie sech staark fir d'Ënnerwaasserwelt intresséiert, an huet matgeschafft, technesch Apparaten z'entwéckelen, déi hiert Erfuersche vereinfacht, resp. iwwerhaapt eréischt erméiglecht hunn. Sou huet hie Boîtiere fir Filmkameraen entwéckelt, an huet och un der Entwécklung vum Otem-Reguléierer ("Aqualung") matgeschafft, deen et erméiglecht, Pressloft op en Drock erofzereguléieren de vum Kierper ze verdroen ass, soudatt een déi ënner Waasser anotme kann. Fir d'Marinn-Daucher huet hien den Aquascooter, e motoriséiert Fortbeweegungsmëttel fir ënner Waasser, entwéckelt, an och Fuerschungs-U-Booter, fir am Mier kënne Filmer an Analysen ze maachen. Och Ënnerwaasserkameraen a soss nëtzlecht Geschier fir Ënnerwaaserfuerschungen huet hie mat konzipéiert.

1950 krut hien d'Schëff Calypso, dat en an e Fuerschungsschëff ëmgebaut huet, a mat deem en déi Joren duerno ënnerwee war. Am Ufank vun den 1980er Joren huet hien d'Alcyone baue gelooss, dat och no sengem Doud fir d'Cousteau Society ënnerwee ass.

De Cousteau huet iwwer honnert Filmer gedréint an huet e puer Bicher geschriwwen. Fir de Film Le monde du silence (zesumme mam Louis Malle) krut hien 1956 d'Gëlle Palm um Filmfestival zu Cannes an 1957 den Oscar fir dee beschten Documentaire. 1965 krut hien en zweeten Documentaires-Oscar fir Le monde sans soleil. A senge Filmer war eng rout wëlle Mutz säi Markenzeechen.

1973 huet en d'Cousteau-Gesellschaft gegrënnt fir d'Erfuerschung an de Schutz vun de Mierer. Fir säin Engagement krut hien eng hellwull Distinctiounen an Éierepräisser, dorënner d'Grand-Croix vum Ordre national du Mérite. Ë. a. gouf den Asteroid (6542) Jacquescousteau no him genannt.

De Cousteau war President vun der franséischer ozeanographescher Gesellschaft an Direkter vum Ozeanographesche Musée vu Monaco.

Hien hat zwee Jongen aus engem éischte Bestietnes, de Jean-Michel Cousteau an de Philippe Cousteau, an zwee weider Kanner aus enger anerer Relatioun.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • mam Frédéric Dumas: Le monde du silence. Éditions de Paris, Paris 1953.
  • mit Yves Paccalet: La planète des baleines. Robert Laffont, Paris 1986, ISBN 2-221-04451-7.
  • mam Philippe Tailliez: Par dix-huit mètres de fond, Paris, Éditions Durel,‎ 1946.
  • mam Yves Paccalet, À la recherche de l'Atlantide, Flammarion,‎ 1981, ISBN 2-08-200444-9.
  • mam Yves Paccalet, La Planète des baleines, Éditions Robert Laffont, 1986, ISBN 978-2221044513.
  • mam Dominique Serafini, L'Aventure de l'équipe Cousteau en bandes dessinées, vol. 1 bis 17, Éditions Robert Laffont,‎ 1985 bis 1998.
  • mam Susan Schiefelbein: L'homme, la pieuvre et l'orchidée. Robert Laffont, Paris 1997, ISBN 2-221-08523-X.

Filmer vun him oder iwwer hien a seng Aarbecht a Fuerschung (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

aus iwwer honnert:

  • Épaves (1943)
  • Carnet de plongée (1948), mam Marcel Ichac.
  • Le Monde du silence (1956), mam Louis Malle.
  • Histoire d'un poisson rouge (1958), mam Edmond Séchan.
  • La Galère engloutie (1957), vum Jacques Ertaud.
  • Le Monde sans soleil (1964)
  • Voyage au bout du monde (1976), mam Philippe Cousteau.
  • Clipperton, île de la solitude (1980), vum Jacques Ertaud.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kathrin Schubert: Jacques Cousteau. Expedition Tiefsee. Frederking & Thaler, 2011.
  • Bernard Violet: Cousteau, une biographie. Fayard, 1993.
  • Roger Cans: Cousteau, Captain Planet. Sang de la Terre, 1997.
  • Jean-Michel Cousteau: Mon père, le commandant. éd. L'Archipel, 2004.
  • Yves Paccalet: Jacques-Yves Cousteau dans l'océan de la vie. Lattès.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jacques-Yves Cousteau – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Biographie vum Cousteau am Spiegerl 47/1989.