James Dean
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den James Byron Dean, gebuer den 8. Februar 1931 zu Fairmont am Indiana, a gestuerwen den 30. September 1955 zu Salinas a Kalifornien, war een us-amerikanesche Schauspiller.
Den James Dean huet seng Carrière als Theaterschauspiller um Broadway ugefaangen. Hie gouf bekannt duerch de Film East of Eden, nom Roman mam selwechten Numm vum John Steinbeck, deen den Elia Kazan 1955 gedréint huet. Desweideren huet hien 1955 d'Haaptroll an Rebel Without a Cause gespillt. Nach ier säi leschte Film Giant 1956 erauskoum, ass den James Dean den 30. September 1955 bei engem Autosaccident ëm d'Liewe komm.
FILMER [änneren]
Kino [änneren]
- East of Eden (1955), vum Elia Kazan mam Julie Harris a Burl Ives
- Rebel Without a Cause (1955), vum Nicholas Ray mam Natalie Wood a Sal Mineo
- Giant (1956), vum George Stevens mam Rock Hudson, Elizabeth Taylor a Carroll Baker
Um Spaweck [änneren]
| Commons: James Dean – Biller, Videoen oder Audiodateien |