Jared Leto

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Jared Leto

Den Jared Leto, gebuer de 26. Dezember 1971 zu Bossier City, Louisiana, ass en US-amerikanesche Schauspiller a Sänger vun der Gruppe 30 Seconds to Mars.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Liewen

Den Jared Leto ass an Haiti an a Colorado opgewuess. Hien huet un der University of the Arts zu Philadelphia studéiert. Säin Duerchbroch hat hie mam Erfolleg vun der US-Televisiounsserie „My so-called Life“ (Willkommen im Leben) 1994-95 (19 Follegen mam Claire Danes).

Hie war ausserdeem mam Cameron Diaz verlobt.

Zënter 1998 spillt den Jared Leto zesumme mat sengem Brudder Shannon an der Band 30 Seconds to Mars.

[änneren] Filmer (Auswiel)

  • 1994: My So-Called Life (Televisiounsserie)
  • 1995: How to Make an American Quilt
  • 1996: The Last of the High Kings
  • 1997: Prefontaine
  • 1997: Switchback
  • 1998: Basil
  • 1998: Urban Legend
  • 1998: The Thin Red Line
  • 1999: Black and White
  • 1999: Fight Club
  • 1999: Girl, Interrupted
  • 2000: American Psycho
  • 2000: Requiem for a Dream
  • 2000: Sunset Strip
  • 2002: Highway
  • 2002: Panic Room
  • 2004: Alexander
  • 2005: Lord of War
  • 2006: Lonely Hearts
  • 2007: Chapter 27 (Aarbechtstitel, Ermuerdung vum John Lennon, den Jared Leto spillt de Mäerder Mark David Chapman)
  • 2009: Mr. Nobody

[änneren] Trivia

  • Den Jared war vun der PETA nominéiert als ee vun den Sexiest Vegetarians
  • Hie war an de Joren 1996 a 1997 ënnert de 50 Most Beautiful People, enger Lëscht déi all Joer vum People Magazine publizéiert gëtt.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Jared Leto – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen