John Lennon

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den John Lennon am Joer 1969

Den John Winston Lennon, duerno John Winston Ono Lennon, MBE, gebuer den 9. Oktober 1940 zu Liverpool, a gestuerwen den 8. Dezember 1980 zu New York City, war en englesche Museker, Komponist an Auteur.

Well den John Lennon sech ëm 1955 intensiv dem Studium vum Rock 'n' Roll gewidmet huet, huet hie wéint "Liddregkeet" d'Schoul missen ofbriechen.

Zënter 1958 ass hien zesumme mat dem Paul McCartney als Gittarist a Sänger, awer och als Piano- an Uergelspiller opgetrueden. Aus dësem Duo (The Nuke Twins) ass no e puer Musekerwiesselen a mat dem Bäitrëtt vum George Harrison a Ringo Starr déi erfollegräichst Pop-Gruppe The Beatles entstanen.

Um Spaweck [änneren]

Commons: John Lennon – Biller, Videoen oder Audiodateien