The Beatles

Vu Wikipedia
The Beatles
Museksgenre Rockmusek, Popmusek, Hard Rock, Rock 'n' Roll, Bluesrock, Folk-Rock, Psychedelic Rock
Land Vereenegt Kinnekräich
Grënnung 1960
Trennung 10. Abrëll 1970
Websäit https://thebeatles.com
Memberen John Lennon
Paul McCartney
George Harrison
Ringo Starr

The Beatles war eng Rock- a Popband aus Liverpool, England, déi sech 1960 gebilt huet a praktesch onverännert aus John Lennon, Paul McCartney, George Harrison a Ringo Starr zesummegesat huet.

Dobäi huet sech hiren Ufanksstil op Rock & Roll a Skiffle baséiert, dee vun Tin Pan Alley bis Psychedelic Rock gaangen ass. Hir Kleeder, hire Stil an hir Aussoen hu si zu Trend-settere gemaach. Nodeem si sech 1970 getrennt hunn, haten alle véier Memberen eng erfollegräich Solocarrière.

The Beatles war eng vun deene kommerziell erfollegräichsten an am meeschte vun der Kritik geluefte Gruppen an der Geschicht vun der moderner Musek. Hir Plackefirma EMI huet geschat, bis 1985 méi wéi eng Milliard Toundréier mat hirer Musek verkaaft ze hunn. Méi wéi 40 verschidde Singles, Albumen an EPe vun hinne waren Nummer Eent an de britteschen Charts, sou vill hat bis ewell soss keen. Och a villen anere Länner hate si en änleche Succès.

The Beatles a Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

  • Déi alleréischt Kéier, wéi e Beatles-Lidd um Radio gespillt gouf, war 1962 Love Me Do op Radio Luxembourg 208.[1]
  • De Camillo Felgen, deemools Programmdirekter vum däitschsproochegen RTL-Radiosprogramm, huet fir d'Beatles 1964 2 Lidder op Däitsch iwwersat, an déi mat hinnen zu Paräis, wou se opgeholl goufen, ageprouft. Et waren dat Komm gib mir deine Hand (I Want To Hold Your Hand) an Sie liebt dich (She Loves You).
  • Dem Jhemp Hoscheit säi Roman Aacht Deeg an der Woch (2006), deem seng Handlung zu Lëtzebuerg am Mee 1968 situéiert ass, gëtt e gudden Abléck, wat fir eng wichteg Roll de Beatles hir Musek bei ville jonke Leit vun deemools gespillt huet (Den Titel ass eng Uspillung op d'Lidd Eight Days a Week).

Diskografie (Albumen)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1963: Please Please Me
  • 1963: With the Beatles
  • 1964: A Hard Day's Night
  • 1964: Beatles for Sale
  • 1965: Help!
  • 1965: Rubber Soul
  • 1966: Revolver
  • 1967: Sgt. Pepper's Lonely Hearts Club Band
  • 1967: Magical Mystery Tour
  • 1968: The Beatles (och nach The White Album genannt)
  • 1969: Yellow Submarine
  • 1969: Abbey Road
  • 1970: Let It Be
  • 1973: 1962–1966 (Kompliatioun, och nach The Red Album genannt)
  • 1973: 1967–1970 (Kompliatioun, och nach The Blue Album genannt)
  • 1988: Past Masters (Kompliatioun)
  • 2000: 1 (Kompliatioun)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: The Beatles – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://booguie.unblog.fr/2008/09/26/les-beatles/