Jarretelle
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Jarretelle ass en elastescht Band dat un enger Ceinture oder un engem Korsseli festgemaach ka ginn oder vu vireran schonns drun ass, an deen op der fräier Säit eng spezial Pëtz huet wou d'Strëmp kënnen dru festgemach ginn fir datt se net sollen um Been no ënne rutschen.
D'Jarretelle ass eng Weiderentwécklung vum Huesebändel (jarretière) a war 1876 vum Korsselismécher Féréol Dedieu am Ufank fir medezinesch Zwecker entworf ginn.