Jean-Georges Weiser
Ausgesinn
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Johann Georg Anton Weiser, och Jean-Georges Weiser, gestuerwen 1767, war e lëtzebuergesche Moler a Kofferstécher.
De Weiser koum aus Béimen a gouf 1740 Bierger vun der Stad Lëtzebuerg[1]. Hie war mat der Maria Barbara Decke bestuet an zesummen hate se dräi Kanner:
- de Johann Gaspar Weiser, gedeeft de 25. Oktober 1751. Hie war Geeschtlechen an hien ass de 14. Oktober 1828 zu Luerenzweiler gestuerwen, wéi en do Paschtouer war
- d'Margareta Weiser, gebuer an der Stad Lëtzebuerg den 13. September 1746, a gestuerwen de 6. November 1810. Si war net bestuet.
- D'Maria Josephine Weiser, gebuer an der Stad Lëtzebuerg de 5. Oktober 1752, a gestuerwen de 24. Abrëll 1825, als Wittfra vum Hubertus M. Wilden.
Kofferstéch
[änneren | Quelltext änneren]- Vue générale vun der Abtei Wadgassen, 1736
Freskemolereien
[änneren | Quelltext änneren]- Freskemolerei an der Kierch zu Duelem am Kanton Réimech
- Freskemolerei an der Kierch zu Munneref
- Freskemolerei am Refuge Sankt Maximin an der Stad Lëtzebuerg[2]
Uelegmolereien
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Jean-Georges Weiser – Biller, Videoen oder Audiodateien |