Jean-Baptiste Lacoste

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Jean-Baptiste Lacoste gestuerwen 1821, kënnt ursprénglech, virun der franséischer Revolutioun, vu Mauriac am Departement Cantal. 1789 ass hie Friddensriichter, 1792 gëtt hien an d'Convention nationale gewielt. Déi meeschten Zäit ass hien awer ënnerwee an der Provënz, virun allem am Oste vu Frankräich.

Ënner dem Napoléon Bonaparte ass hie vun 1800 bis 1808 Prefekt vum Département des Forêts. Säi Virgänger war de Johannes Birnbaum a säin Nofolger den André Joseph Jourdan.

Ënner der zweeter Restauratioun huet hie misse fir eng kuerz Zäit, an den Exil goen.