Jean-Baptiste Willart de Grécourt

Vu Wikipedia
Jean-Baptiste Willart de Grécourt
Gebuer 7. Februar 1684
Fondettes
Gestuerwen 2. Abrëll 1743
Tours
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit kathoulesche Priister, Schrëftsteller, Dichter

De Jean-Baptiste-Joseph Willart de Grécourt oder Jean-Baptiste-Joseph Villart de Grécourt, gebuer 1684 zu Tours, an do gestuerwen den 2. Abrëll 1743, war e franséische kathoulesche Geeschtlechen an den Auteur vun deene beléiftsten eroteschen Texter vu senger Zäit.

Well hien dat jéngst vun de Kanner war, war hie virgesinn, fir Geeschtlechen ze ginn. 1697 gouf hie Kanoniker an der deemoleger Saint Martin-Kierch, déi an der Franséischer Revolutioun zerstéiert gouf.

Säi Spottgedicht iwwer d'Jesuitten, de Philotanus vu 1720 war eng offe Provokatioun vis-à-vis vum deem Uerden, dee vun do un alles probéiert huet, fir dem Grécourt seng literaresch Spillereien auszedreiwen.

De Grécourt gouf an der Mëtt vum Kiercheschëff vun der Martin-Kierch begruewen.

Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Oeuvres complettes de Grécourt. Nouv. éd. soigneusement corr., et augm. d'un grand nombre de pièces qui n'avaient jamais été imprimées, "à Luxembourg" (!!), an X (= 1802) an 8 Bänn

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]