Tours

Vu Wikipedia
Tours
Land Frankräich
Regioun Centre-Val de Loire
Departement Indre-et-Loire
Arrondissement Tours
Kanton Tours-1 - Tours-2 - Tours-3
an Tours-4
Postcode 37000, 37100, 37200
Gemengecode 37261
Koordinaten 47° 23’ 37’’ N
      00° 41’ 21’’ O
Fläch  34,67 ha
Bevëlkerung  134.978 (2012)

Tours ass eng Stad an der franséischer Regioun Centre-Val de Loire, am Departement Indre-et-Loire, deem seng Prefecture et ass. Hir ronn 135.000 Awunner (2012) (eng 480.000 an der Metropolregioun) liewen op den Uwänner vun der Loire an dem Cher, an der historescher Provënz Touraine, tëscht Orléans (65 km am Nordosten) a La Rochelle op der Atlantikküst (120 km am Südwesten).

Tëscht 1450 a 1550 haten déi franséische Kinneken do an am Dall ronderëm hir Residenz, wat dem Val de Loire vill Buergen a Schlässer bruecht huet an an der Folleg eng Plaz op der UNESCO-Lëscht vum Weltierwen. Soss ass d'Géigend ëm Tours nach duerch d'Wäibaugebitt Touraine mat dem beschtbekannte Vouvray an en ettlech anere gudden Appelatioune bekannt.

D'Awunner ginn Tourangeaux/Tourangelles genannt.

Fotosalbum vun Tours[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tours – Biller, Videoen oder Audiodateien