Jean-Marie Léon Dufour

Vu Wikipedia
Jean-Marie Léon Dufour
Gebuertsnumm Jean-Marie Dufour
Gebuer 10. Abrëll 1780
Saint-Sever
Gestuerwen 18. Abrëll 1865
Saint-Sever
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Entomolog, Arachnolog, Botaniker, Naturalist, Dokter, Lichenolog
Member vun Académie des sciences, Académie nationale de médecine

De Jean Marie Léon Dufour, gebuer den 10. Abrëll 1780 zu Saint-Sever (Departement Landes), an do gestuerwen den 18. Abrëll 1865[1],[2] war e franséischen Dokter an Naturfuerscher.

De Léon Dufour huet 232 Artikelen iwwer Arthropoden (dovun 20 iwwer Spannen) publizéiert. Hien ass den Auteur vum Wierk iwwer Kiewerleken Recherches anatomiques sur les Carabiques et sur plusieurs autres Coléoptères (1824–1826, Paris).

De Léon Dufour huet eng Rei vun neie Spannenaarte beschriwwen, ënner anerem och déi nei Aart Dolomedes spinimanus (1820), déi haut Zoropsis spinimana heescht, an 2018 fir d'éischt zu Lëtzebuerg fonnt ginn ass.

Trivia[änneren | Quelltext änneren]

De Léon Dufour huet eng laang Zäit an der klenger Bastide vu Saint-Justin gewunnt. De Manoir vu Saint-Justin deen e groussen Deel vun der Place de la Bastide dominéiert, gouf ëm 1884 vu sengem Bouf restauréiert. Mat sengem mëttelalterlechen Tuerm an de Gebaier déi ronderëm verstreet sinn gëtt dat der Plaz e besonnesche Cachet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-Jacques Amigo, « Dufour (Jean-Marie, dit Léon) », in Nouveau Dictionnaire de biographies roussillonnaises, vol. 3 Sciences de la Vie et de la Terre, Perpignan, Publications de l'olivier, 2017, 915 p. (ISBN 9782908866506)
  • Boone, C., 2003. Léon Dufour (1780–1865). Savant naturaliste et médecin. Atlantica (Anglet), 336 S.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Jean-Jacques Amigo, « Dufour (Jean-Marie, dit Léon) », in Nouveau Dictionnaire de biographies roussillonnaises, vol. 3 Sciences de la Vie et de la Terre, Perpignan, Publications de l'olivier, 2017, 915 p. (ISBN 9782908866506)
  2. Geneanet: Jean Marie “Léon" Dufour. Am Gebuertsakt stinn nëmmen zwéi Virnimm: Jean Marie (ouni Bindestréch), de "Léon" koum also eréischt méi spéit dobäi an ass keen offizielle Virnumm. Hien ass laut Gebuertsakt den 10. Abrëll gebuer an den 11. Abrëll gedeeft ginn.