John McCrae

Vu Wikipedia
John McCrae
Gebuer 30. November 1872
Guelph
Gestuerwen 28. Januar 1918
Boulogne-sur-Mer
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Kanada
Educatioun Universitéit vun Toronto
Aktivitéit Dichter, Dokter, Universitéitsprofesser, Militär, Moler

Den John Alexander McCrae, gebuer den 30. November 1872 zu Guelph (Ontario, Kanada) a gestuerwen den 28. Januar 1918 zu Boulogne-sur-Mer (Frankräich), war e kanadeschen Dichter a Medezinner, deen am Éischte Weltkrich als Chirurg vun der kanadescher Arméi un der Schluecht vun Ypern a Flandern deelgeholl huet.

De McCrae ass den Auteur vum bekannte Gedicht In Flanders Fields, wou rieds geet vun de Feierblummen op de Griewer vun de gefalenen Zaldoten.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Kuck: R. Wilmes: In Flanders fields the poppies blow: über ein berühmtes Gedicht und seinen Autor. In: Die Warte 2007, Nr. 28 (25. Oktober), S. 1.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: John McCrae – Biller, Videoen oder Audiodateien