Feierblumm

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Feierblumm
Feierblumm (aus Koehler's Medicinal-Plants 1887)

Feierblumm (aus Koehler's Medicinal-Plants 1887)
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich: Planzeräich
Ënnerräich: Tracheobionta
Ofdeelung: Tracheophyta
Klass: Magnoliopsida
Ënnerklass Eudikotyledonen
Uerdnung: Ranunculales
Famill: Papaveraceae
Ënnerfamill: Papaveroideae
Gattung: Mohn (Papaver)
Aart: Feierblumm
Wëssenschaftlechen Numm
Papaver rhoeas
L.

D'Feierblumm [1] (och alt mam däitsche Wuert Klatschmohn bezeechent; Papaver rhoeas), ass eng Planzenaart aus der Famill vun de Papaveraceae.

Nimm[änneren | Quelltext änneren]

Dem Heng Klees no huet si nach folgend Nimm: Engelsblumm, Funne(l)blumm, Patscheblumm a Stirekapp. Op Franséisch heescht d'Planz coquelicot, op Englesch Common Poppy.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Feierblumm ass eng eejäreg [2] Krautplanz, déi tëscht 30 an 80 cm grouss gëtt. De Still ass ganz dënn, net vill verzweigt an huet Hoer. D'gréng Blieder si rau an ongeféier 15 cm laang.

Um Enn vum Still steet eng eenzel Bléi, déi tëscht Mee a Juli opgeet. D'Bléie si grouss, radiärsymmetresch, zwittreg a bestinn aus véier knallrouden dënnen a fragile Blieder, mat engem Duerchmiesser vu 5 bis 10 cm, woubäi et markant Variatiounen an der Gréisst ka ginn. Déi zwee hoereg Kielechblieder, déi d'Bléi schützen, falen erof, wann s'opgeet.

No der Bléi bilde sech déi typesch Kapselfriichten, an deene jee Honnerte vu klengen (bis 1 mm) donkele Somkären dra sinn.

Verbreedungsgebitt[änneren | Quelltext änneren]

D'Feierblumm huet sech mam Akerbau (also zanter dem Neolithikum) bis haut souzesoen ëm déi ganz Welt verbreet (se zielt dofir zu de sougenannten hemerochore Planzen). Se wiisst entweder an de Fruuchtfelder, oder niewendru laanscht de Summerwee, oder op Plazen, wou de Buedem gestéiert gouf, z. B. op Baustellen. Am léifste wiisst s'op kallekhaltegem Leembuedem, wou d'Sonn am Summer hikënnt.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

D'Feierblumm war fréier eng wichteg Heelplanz. Se gouf geholl géint den Houscht, fir ze berouegen an d'Péng ze stëllen. D'Krouneblieder vun der Bléi goufe geholl, fir rout Tënt draus ze maachen.

Am engleschsproochege Raum ass d'Feierblumm e Symbol fir un déi Doudeg vum Éischte Weltkrich z'erënneren. Dat geet zréck op d'Gedicht In Flanders Fields vum John McCrae (1872-1918), wou dovu rieds geet, datt op de frësche Griewer vun de gefalenen Zaldoten als éischt Feierblumme geblitt hunn.[3]

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Klees, Henri, 1994. Luxemburger Pflanzennamen. Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. VIII. 3. Aufl., 182 S., Pierre Linden, Luxemburg.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Feierblumm (Papaver rhoeas) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[änneren | Quelltext änneren]

  1. Net ze verwiessele mat der Arnika, déi op Lëtzebuergesch och Feierblumm genannt gëtt (cf. Klees 1994: 6).
  2. D'Patscheblumm kéngt entweder am Hierscht an iwwerwantert als Rosett (wanterannuell) oder am Fréijoer (summerannuell) an endegt am Summer hire Liewenszyklus, wann de Som zeideg ass.
  3. Kuck: R. Wilmes: In Flanders fields the poppies blow: über ein berühmtes Gedicht und seinen Autor. In: Die Warte 2007, Nr. 28 (25. Oktober): 1.