Johnny Horne

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Johnny Horne, Pseudonym vum Johnny Hornemann, gebuer am Dezember 1916 zu Rotterdam a gestuerwen de 25. Juli 2009 zu Lëtzebuerg, war en hollännesch-lëtzebuergesche Museker a Sänger.

Enn vun den 1930er Joren huet hien a verschiddene Formatioune gespillt an hat fir e puer Deeg mam hollänneschen Orchester Peter Sypenstein e Musekengagement am Stater Hotel Alfa. Nom Zweete Weltkrich koum hien zréck op Lëtzebuerg an huet am Stater Conservatoire Kontrabass enseignéiert. Uganks der 1960er Joren huet hien am Jean Roderes Orchester gespillt a war deemno och op RTL ze héieren an ze gesinn. Si hunn an de Varietésemissioune Rendez-vous à Luxembourg a Vedette à vos ordres vill international bekannte Musekstare begleet.
Hie war e vun den éischte Lëtzebuerger Sänger, den eng Rei vu Schallplacken zu Paräis opgeholl huet. Seng bekannteste sinn Cigarette et Whisky a Concerto d'automne, déi him et souguer erlaabt hunn am Paräiser Olympia opzetrieden.

Bis an den héijen Alter eran huet hien am Variétéberäich op Volleksfester, Hochzäiten oder Baler gespillt.

Den Johnny Horne war am Andy Bausch sengem Dokumentaire Entrée d'Artistes ze gesinn. [1]

[änneren] Kuckt och

[änneren] Referenzen

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht