Këscht

Vu Wikipedia
Hëlze Fëschkëschten an engem Hafen

Eng Këscht ass e Behälter, deen uewen op oder zou ka sinn an dee benotzt gëtt fir Géigestänn ze lageren oder ze transportéieren. Eng Këscht kann zum Beispill aus Metall, aus Plastik, aus Holz oder och aus Kartrong sinn.

Këschte ginn a ville Beräicher agesat. Béierfläsche ginn an enger Béierkëscht transportéiert, Kanner spillen an enger Sandkëscht an den Handwierker transportéiert säi Schaffgeschier an der Geschierkëscht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Category:Boxes – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Category:Crates – Biller, Videoen oder Audiodateien