Kölner Karneval
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Kölner Karneval, zesumme mam Karneval vun Düsseldorf a Mainz, sinn déi bekanntest Karneval-Manifestatiounen an Däitschland. Wéi an den aneren zwou däitsche Stied ass all Joer um Rosenmontag eng Kavalkad, déi Dausenden a Dausende vu Mënschen op Köln lackelt.
Wourauser besteet de Kölner Karneval? [änneren]
All Joers fängt d'Sessioun vun dësem Volleksfest den "Eeleften des Eeleften um Eelef Auer Eelef" un an dauert bis Äschermëttwoch, sou datt dacks vun der "fënnefter Joreszäit" geschwat gëtt. No engem groussen Optakt geet et dann awer méi roueg duerch d'Chrëschtzäit, an eréischt no Neijoeschdag kommen dann déi eischt Karnevalssëtzungen. Um Dag no der Weiberfastnacht geet de Stroossekarneval op, mat ë. a. um Karnevalssonndeg de Kölner Schull- un Veedelszöch an um Rosenmontag dem Rosenmontagszug.
Den typesche Geckeruff ass zënter dem 19. Joerhonnert "Kölle Alaaf", wat esouvill wéi "Vive Köln" heescht an ursprénglech en Drénksproch war. Ieweschte Representant vum Kölner Karneval ass d'Dreigestirn aus "Prinz, Buur un Jongfrau". Apaart ass och d'Traditioun fir "Bützje" ze ginn, Beese mam spatze Mëndchen. Bei de genanntene Karnevalssëtzungen triede Spottriedner wéi den Hans Bols als "Et Botterblömche" oder de Gerd Rück als "Ne Weltenbummler" an der "Bütt" op, bekannte Gruppe wéi z. B. d'Bläck Fööss, Brings, Höhner, Räuber a Paveier gi Karnevalslidder zum Beschten, an déi verschiddenst Karnevalsveräiner weisen hir Dänz, esou och d'Funkenmariechen bei der Prinzen-Garde.
Kuckt och [änneren]
| Commons: Kölner Karneval – Biller, Videoen oder Audiodateien |