Kapell Lauterbuer

Vu Wikipedia
Kapell vu Lauterbuer

Uertschaft / Plaz Lauterbuer
Konsekratioun ëm 1776
Architekt(en) Paul Mungenast
(zougeschriwwen)
Baujoer ëm 1776
Proprietär Privatbesëtz
Koordinaten 49° 47’ 47.6’’ N
      06° 23’ 15.8’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kapell zu Lauterbuer ass eng Privatkapell, déi zum Domaine vum Schlass Lauterbuer gehéiert an déi zur selwechter Zäit wéi dat aktuellt Gebai vum Schlass ëm 1776 gebaut gouf.

Et gëtt ugeholl, datt de Paul Mungenast, den Architekt vum Schlassgebai, och d'Kapell entworf huet. Iwwer dem Entréesportal ass eng Nisch, an där eng Madonnestatu steet. Bannenan ass en Altor mat engem Rokoko-Retabel, aus der Zäit wéi d'Kapell gebaut gouf. D'Bild dran, dat eng Madonna mat Kand weist, ass méi al: de Wope vum Abt Petrus Fisch (1628-1657) ass drop ze gesinn. Et gouf 2007-2009 restauréiert.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.354.