Diskussioun:Kapell Lauterbuer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Ech hunn e bësschen Zweiwelen op d'Kapell zu Lauterbur och abegraff ass beim Denkmalschutz, obwuel se et och verdéngt huet. Op der offizieller Lëscht steet jo nëmmen eng eenzeg Kadasternummer, d'Kapell steet awer op enger anerer Parzell wéi d'Schlass. Dat ass wuel nees eng vun de ville Froen déi nach op sinn.--MMFE (Diskussioun) 08:56, 7. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien, merci fir d'Nokucken; ech hat net nogesicht well ech duecht, de ganzen Terrain vum Schlass an allem wat drop ass wier betraff. An deem Fall flitt de Verweis op Klasséierung natierlech nees eraus aus dem Artikel. Zu de ville Froen, déi nach opstinn: Vläit sollte mer se op der Projetssäit an enger Rubrik zesummendroen, datt, falls ee beim SSMN sech fir e Gespréich bereet erkläere géif, mer se beieneen hätten? --Zinneke (Diskussioun) 10:00, 7. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]
Jo, dat ass eng gudd Propositioun fir d'Froen a Problemer emol op enger zentraler Plaz ze sammelen.--MMFE (Diskussioun) 14:56, 7. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]