Kategorie Diskussioun:Groussstied op Island

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

op Island?[Quelltext änneren]

Moien,

Island ass zwar eng Insel, mä „op“ Island fannen ech dach awer bosseg… den LOD seet iwweregens och „ech war schonn dräimol an Island“ (och am Däitschen: Denkmal in Island, Ereignis in Island, … ~~~~ GilPe (Diskussioun) 18:39, 11. Jul. 2023 (UTC)[äntweren]

Moien och
Mer soen och - op Kuba - an de Kategorien. Et kann een och stonnelaang diskutéieren iwwer dat wat den LOD seet an net seet. E ganze Koup vun Ännerunge goufen an deem Sënn do ugepasst, sou wéi bei de Länner wou een net - an - mä - am - seet. Et kéint ganz gutt sinn datt se Island nach net kontrolléiert hunn. de: seet och Denkmal in Kuba wou mir op Kuba soen. Mol kucke vläicht kréie mer nach aner Meenungen. Et wier dann, wa gewënscht séier zréckverbessert. --Les Meloures (Diskussioun) 19:15, 11. Jul. 2023 (UTC)[äntweren]
Moien, bei Inselen, déi gläichzäiteg Länner sinn (Island, Kuba, Zypern, ...) geet natierlech souwuel "op" wéi "an". Do ass näischt méi "richteg" wéi dat anert. Ma eenheetlech wier scho gutt, einfach, fir d'"Rode" beim Schreiwen/Uleeën méi einfach ze maachen. --Zinneke (Diskussioun) 19:25, 11. Jul. 2023 (UTC)[äntweren]