Kierch Miesdref

Vu Wikipedia
Kierch vu Miesdref
Kierch vu Miesdref (2006)

Kierch vu Miesdref (2006)
Kierch vu Miesdref (2006)
Uertschaft / Plaz Miesdref
Par Miersch
Saint-François
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Johannes den Deefer
Konsekratioun 1868
Koordinaten 49° 46’ 06.5’’ N
      06° 06’ 52.6’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vu Miesdref ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Miersch Saint-François, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Miersch gehéiert.

De Patréiner ass den hellege Johannes den Deefer, deem säi Fest de 24. Juni gefeiert gëtt.

D'Kierch steet op der Kräizung vun der rue de Pettingen, dem CR306, mat der rue d'Ettelbruck, dem CR123.

Si gouf de 6. Dezember 2023 als national Kulturierfschaft klasséiert.[1]

Zur fréierer Par Miesdref hunn ausser der Parkierch vu Miesdref och nach d'Kapell vu Pëtten gehéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Par Miesdref aus der Gemeng Miersch gouf den 23. November 1843 gegrënnt a besteet aus den dräi Uertschafte Miesdref (335 Awunner), Pëtten (197 Awunner) an Essen (17 Awunner).

D'Par Miesdref gehéiert zum Dekanat Miersch, an zanter 1990 och zum Parverband Miersch.

Wärend Miesdref an der kierchegeschichtlecher Vergaangenheet kaum eng Roll gespillt huet, hat Pëtten scho fréi eng Kapell. Déi eelst Kierch däerft wuel d'Hauskapell am Pëtter Schlass gewiescht sinn.

Mat kenger Zeil gëtt a kierchleche Visitatiounsberichter eng Kapell zu Miesdref ernimmt, mä et besteet keen Zweiwel, datt sou eng zu Miesdref scho virun der Grënnung vun der Par bestanen huet. Et schéngt, wéi wann dës Kapell scho virum Ufank vun der Franséischer Revolutioun dem Verfall soll no gewiescht sinn. D'Kapell vu Miesdref war net an der Lag, déi Gleeweg wärend dem Gottesdéngscht ënnerzebréngen. Am Joer 1834 goufen éischt Pläng opgestallt, fir eng nei Kierch zu Miesdref ze bauen. Ursprénglech sollt eng nei Kierch fir d'Uertschafte Biereng a Miesdref gebaut ginn. Dofir sollt si d'Moosse vun 25 x 13 Meter kréien. Ee Sträit koum op, wou dës Kierch gebaut sollt ginn. Déi Bierenger wollte si op hallwem Wee tëscht Biereng a Miesdref, déi Miesdrëffer a Pëtter wollte si op der Plaz vun der aler Kapell zu Miesdref, op der Plaz, genannt "bei der Kapell". Hei sollt och e Paschtoueschhaus gebaut an e Kierfecht opgeriicht ginn.

Am Joer 1834 gouf den Aareler Kondukter fir ëffentlech Bauten, F. Cordonnier vum deemolege Mierscher Buergermeeschter Jean-Jacques Deloos beoptragt, Pläng a Präiskalkulatioune fir eng nei Kierch fir Biereng, Essen, Miesdref a Pëtten opzestellen. Mä et sollt bis 1837 daueren, bis d'Autorisatioun erdeelt sollt ginn. Am Haus vum Nottär Suttor war den 3. Mee 1837 den ëffentlechen Zouschlag, fir de Bau vun der neier Kierch ze garantéieren. D'Bauaarbechte ware schwiereg. D'Ofrechnung vun der Kierch am Joer 1841 waren och schwiereg. Net eleng war an dëser Zäit déi Miesdrëffer Kierch gebaut ginn, och déi nei Par- an Dekanatskierch vu Miersch war zanter dem 6. August 1843 vergi ginn. D'Sektioune Miesdref a Biereng, déi zur Par Miersch gehéiert hunn, sollten heifir 18.860 Frang bäisteieren, Pëtten 6.729 Frang. Dës Uertschafte géifen awer vun hire Verflichtunge befreit ginn, falls Miesdref sollt zu enger eegestänneger Par erhuewe ginn. Den 2. November 1847 hunn d'Awunner vu Miesdref, Pëtten an Essen eng Demande gemaach, fir eng eegestänneg Par ze ginn. De Bëschof Laurent huet den 23. November 1843 Miesdref, Pëtten an Essen vun der Par Miersch getrennt, an de Scheierhaff vun der Par Kruuchten. Déi nei Par Miesdref-Pëtten/Essen gouf gegrënnt. Déi nei Kierch gouf dem hellege Johannes dem Deefer geweit an 1868 konsekréiert. Den Niewepatréiner ass den hellege Lukas auserwielt.

Series Pastorum[änneren | Quelltext änneren]

1. Johann Schank, Paschtouer vu Miesdref 1843 - 1847
2. Michel Hippert 1847 - 1856
3. Johann Welter 1856 - 1874
4. Nicolas Courth 1874 - 1877
5. Jean-Pierre Wolff 1877 - 1897
6. Henri Theves 1897 - 1910
7. Joseph Menningen 1910 - 1935
8. Jean-Pierre Suttor 1935 - 1956
9. Emile Margue vun Uewerkäerjeng 1957 - 30.07.1990+
Nom Doud vum Paschtouer Margue gouf d'Par Miesdref dem Parverband Miersch ugegliddert. Zoustänneg fir d'Verwaltung vun der Par a fir d'Séelsuerg an den Uertschaften ass d'Pastoralteam vum Parverband Miersch zoustänneg, ënner der Leedung vum Deche Ferdy Fischer. Zoustänneg fir d'Par Miesdref ass de jeeweilege Geeschtlechen, deen am Miesdrëffer Paschtoueschhaus wunnt.
10. Ferdy Fischer vu Käl, Parverwalter 1990 - 1991
11. Maurice Péporté vu Reckeng op der Mess, Kaploun am Parverband Miersch 1991 - 1994
12. Paul Metz vun Esch-Uelzecht, Paschtouer am Parverband Miersch 1994 - 2000
13. Joël Santer vu Wecker, Kaploun am Parverband Miersch 2000 - 2004
14. Pierre Habarurema aus der Diözees Cyangugu (Rwanda) /Parverwalter am Parverband Miersch 2004 -

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Miesdref – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).