Kierch Aasselbuer

Vu Wikipedia
Kierch vun Aasselbuer
Filialkierch vun Aasselbuer (2013)

Filialkierch vun Aasselbuer (2013)
Filialkierch vun Aasselbuer (2013)
Uertschaft / Plaz Aasselbuer
Par Wëntger
Sainte-Famille
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Péitruss a Paulus
Koordinaten 50° 05’ 44.8’’ N
      05° 58’ 20.0’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Aasselbuer ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Wëntger Sainte-Famille, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wëntger gehéiert.

D'Patréiner vun der Kierch sinn déi Helleg Péitruss a Paulus, deenen hiert Fest den 29. Juni gefeiert gëtt.

D'Kierch steet am Zentrum vum Duerf an der Fissgässen a ronderëm se ass de Kierfecht ugeluecht. Um Kierfecht ass de Monument aux Morts fir d'Affer vum Zweete Weltkrich.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Aasselbuer, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Aasselbuer huet ausser der Parkierch vun Aasselbuer och nach d'Kapell vu Rëmeljen an d'Kapell vu Saassel gehéiert.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

D'Aasselbuerer Kierch huet 3 Klacken, déi ënnert der Dispositioun c' ' d' ' a', och do re a la genannt, lauden. Si sinn aus Bronze gegoss.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Aasselbuer – Biller, Videoen oder Audiodateien