Kierch Koplescht
| Kierch vu Koplescht | |
| Uertschaft | Koplescht |
| Par | Koplescht |
| Numm / Patréiner | Hl. Niklos |
| Konsekratiounsjoer | 1864 |
| Parverband | Mamerdall |
| Architekt(en) | Cordonnier |
| Kierchen - Kapellen | |
D'Kopleschter Kierch steet laanscht N 12 fir op Sëll niewent dem Gemengenhaus.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
Déi al Kierch [änneren]
Déi éischt Kopleschter Kierch stoung op der anerer Säit vun der Mamer, an der Géigend vum Ale Wee. Si ass ëm 1570 gebaut ginn. Si war och dem hellege Niklos geweit. Déi Säit vum Duerf, déi riets vun der Mamer läit, huet déi Zäit zu der Par Steesel gehéiert. Déi lénks Säit vun dem Duerf huet zur Par Kielen gehéiert. Dës Kierch ass no 1838 ofgerappt ginn.
Déi nei Kierch [änneren]
Am Joer 1838 ass mam Bau vun der neier Kierch op der lénkser Säit vun der Mamer ugefaange ginn. Dës Kierch gouf am Joer 1926 restauréiert. Wéi déi däitsch Arméi den 10. September 1944 d'Bréck iwwer d'Mamer gesprengt huet, war d'Kierch beschiedegt ginn.
|
D'Kierch vum CR101 aus gesinn
|
D'Klacken [änneren]
Am Joer 1965 krut d'Kierch dräi nei Klacken.
- D'Marie-Klack, 800 Kilo
- D'Niklos-Klack, 450 Kilo
- D'Sebastians-Klack, 350 Kilo
Déi 3 Klacke goufen zu Brockscheid bei Daun an der fréierer Klackegéisserei Johann Mark und Sohn, haut Äifeler Klackegéisserei, gegoss. Se sinn den 18. Oktober 1965 vum Professer Dr. Jean-Pierre Schmit op hire Klang gepréift ginn. Den 28. November 1965 huet de Generalvikar Jean Hengen d'Klacke geweit.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Kierch Koplescht – Biller, Videoen oder Audiodateien |