Klassesch Gittar

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Eng klassesch Gittar.

Eng klassech Gittar ass en Säiteninstrument.

D'klassech Gittar besteht aus engem Hals, op deem 22 Benn sinn, enger Kappplack, op där d'Stëmmwierbele fir déi eenzel Säite festgemaach sinn, 6 Säiten an engem Korpus, deen d'Funktioun vun enger Schallkëscht huet. D'Säite sinn aus Nylon a verlafen vun der Kappplack, wou si an d'Mechanik vun de Stëmmwierbelen agestach sinn bis an d'Mëtt vum Korpus. D'Säite gi mat de Fangeren "ugeschloen", wouduerch se unfänken ze vibréieren. De luesen Toun, dee bei de Vibratiounen entsteet, gëtt duerch d'Schallkëscht verstäerkt, soudatt een en ouni weideres héiere kann.

Op Concerten a grousse Raim gëtt den Toun allerdéngs mat enger Verstäerkeranlag verstäerkt.

Commons: Classical guitars – Biller, Videoen oder Audiodateien