Knokke Off

Vu Wikipedia
Knokke Off
Serie
Produktiounsland Belsch
Holland
Produktiounsjoer 2023
Première 12. Mee 2023
Dauer Pro Folleg: ongeféier 35
Originalsprooch Hollännesch
Staffelen 1
Episoden 10
Ekipp
Regie Tom Goris
Dréibuch Nele Vandael, Luk Wyns, Anthony Van Biervliet
Fotografie Tom Bonroy
Pieter Van Alphen
Schnëtt Bart Cautaerts
Schauspiller
Pommelien Thijs: Louise Basteyns
Willem De Schryver: Alexander Vandael
Eliyha Altena: Daan
Manouk Pluis: Anouk
Ayana Doucouré: Margaux
Kes Bakker: Matti
Jef Hellemans: Victor
Emma Moortgat: Emilie Basteyns
Anna Drijver: Melissa
Ruth Becquart: Eleonore
Geert Van Rampelberg: Patrick Vandael
Ini Massez: Angelique
Pieter Genard: Jan Basteyns
Jasmine Sendar: Christine
Gene Bervoets: Jacques
Felicia van Remoortel: Olivia
Pierre Gervais: Charles

Knokke Off ass eng hollänneschsproocheg fiktional Fernseeserie aus dem Joer 2023. Si erzielt d'Geschicht vun e puer jonke Mënschen an hiren Elteren, déi hire Summer an der belscher Stad Knokke verbréngen.

International ass se och ënnert dem Titel High Tides bekannt.[1]

Am Dezember 2023 goufen d'Dréiaarbechte fir eng zweet Staffel fir de Summer 2024 annoncéiert.[2]

Synopsis[änneren | Quelltext änneren]

Eng jonk Koppel Ufank Zwanzeg, d'Louise Basteyns (gespillt vun der Pommelien Thijs) an den Alexandre "Alex" Vandael (Willem De Schryver) erliewe mat hire Frënn en onbeschwéierte Summer an der schicker Stad Knokke op der belscher Küst. Si stamen allebéid aus enger räicher Famill. Trotz hirem suergefräie Liewensstil an extravagante Partye fille si sech vun hiren Elteren ënner Drock gesat, fir deenen hiren héijen Erwaardunge gerecht ze ginn.

De Summer verleeft fir keen no Plang, well d'Masken, déi d'Koppel an hir Famillen a Frënn opgesat hunn, ufänken ze bréckelen. D'Louise leit ënner enger bipolarer Stéierung an zweiwelt, op hatt d'Pëllen, déi seng Stëmmung reguléieren, nach weider soll huelen. Den Alex selwer ass jähzorneg a behandelt d'Louise dacks wéi säi Besëtz. Mee hien huet et och net einfach, well säi Papp Patrick (Geert Van Rampelberg) seng Mamm Eleanore (Ruth Bequaert) mat hirer beschter Frëndin bedréit. Den Alex wëll dofir beweisen, datt hien net esou ass wéi säi Papp. Hie leit och ënner Panikattacken, wou eréischt um Enn erauskënnt, wat derhannert stécht. Knokke ass net nëmmen eng mondän Küstestad, mee och e Schlaangennascht voller Geheimnisser.

Wéi den Daan (Eliyha Altena) a seng Mamm Melissa (Anna Drijver), déi aus dem hollännesche Breda kommen an de Summer op engem Camping zu Cadzand bei Knokke verbréngen, an där Welt opdauchen, gëtt alles op d'Kopp gehät. Jidderee mécht sech op d'Sich no der Wourecht hannert de Masken.

Episodeniwwersiicht[änneren | Quelltext änneren]

Staffel Folleg Titel
1 1 Welcome to Knokke, bitch!
Den Daan a seng Mamm Melissa verbréngen hire Summer zu Knokke. Den Daan léiert den Alex a seng Kollege kennen, dorënner och seng Frëndin, d'Louise. An där Zäit keeft dem Alex säi Papp, de Patrick, méi wéi just en deiert Bild.
1 2 Wil je ook eens proeven? ("Wëllst du eng Kéier probéieren?")
D'Melissa fënnt eng Plaz als Nanny zu Knokke. Den Daan léiert d'Louise besser kennen. Op enger Party am Beachclub dréint den Alex duerch.
1 3 Wie bij de hond slaapt ("Wie beim Hond schléift")
D'Eleonore verdächtegt déi nei Nanny Melissa, geklaut ze hunn. D'Angelique an d'Emilie si mat de Virbereedunge fir dem Emilie seng Hochzäit beschäftegt. Wéi den Alex seng Grenze mat engem Schnellboot ausprobéiert, geet alles schif.
1 4 Ik heb een fucking goed idee ("Ech hunn eng fucking gutt Iddi")
Den Daan bréngt d'Louise op de Camping op deem hie wunnt. Wärend d'Eleonore an de Patrick aus dem Haus sinn, versicht den Alex, sech u sengem Papp ze rächen.
1 5 Home sweet home
D'Eleonore entdeckt de Schued, deen den Alex ugeriicht huet. Den Alex schafft vollzäit fir säin Dram vun engem Club mam Numm The Crazy Lulu an huet wéineg Zäit fir aner Saachen. Den Daan hëlt d'Louise mat a säin Elterenhaus zu Breda.
1 6 Ik ruik naar seks ("Ech richen no Sex")
Den Daan konfrontéiert seng Mamm an erzielt hir, wat e vum Louise iwwer d'Claudia weess. D'Louise an den Daan maachen hiert Bescht, fir hir Affär virum Alex ze verstoppen, dee sech mat all senger Energie op d'Erëffnung vu sengem Club virbereet. Wärenddeem ass de Patrick aus Dubai zréck a léiert, datt den Alex säi Projet realiséiert huet.
1 7 The big bad wolf
Den Alex konfrontéiert den Daan an d'Louise separat iwwer hir Affär. D'Eleonore fillt sech beim Melissa ëmmer méi wuel. D'Louise organiséiert e Jonggesellinnenowend fir seng Schwëster Emilie.
1 8 Da's tenminste een brave ("Hien ass op d'mannst e Gudden")
Den Alex erkennt, datt hien d'Louise vernoléissegt huet a versprécht, alles erëm gutt ze maachen. Den Daan vermësst hatt vill a wëll et nees esou séier wéi méiglech erëm gesinn. D'Angelique an de Jan sichen no enger Léisung fir hier Duechter.
1 9 Ze weten het ("Si wëssen et")
Den Alex kämpft mat Panikattacken. D'Eleonore konfrontéiert d'Melissa mat Froen iwwer hir Bezéiung mam Claudia. Antëschenzäit huet d'Emilie seng Meenung iwwer d'Hochzäit geännert. De Patrick mécht e Stop am Jacques senger Strandbar.
1 10 Op de liefde? ("Op d'Léift?")
Den Daan ass komplett opgewullt, wéi hien de Jacques am Beach Club fënnt. D'Eleonore organiséiert eng Iwwerraschungsparty fir de Patrick. Den Alex kämpft mat der Wourecht.

Produktioun a Distributioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Serie gouf gréisstendeels an der Titelstad Knokke gedréint.

Knokke Off ass eng Koproduktioun tëscht der flämescher Produktiounsgesellschaft Dingie fir de flämeschen ëffentlechen Televisiounssender VRT, an dem Streamingdéngscht Netflix. D'Serie ass an Zesummenaarbecht mat dem hollännesche Filmdistributeur Dutch FilmWorks a mat der Ënnerstëtzung vum flämesche Filmfong Screen Flanders, der Gemeng Knokke-Heist an de Steiererliichterungsmesurë vun der belscher Regierung ("Belgian Tax Shelter") entstanen.

D'Dréiaarbechte waren am Summer 2022, haaptsächlech zu Knokke.[3]

D'Serie war vum 12. Mee 2023 un op der belscher Onlineplattform VRT MAX ze gesinn, éier se vum 3. August un all Woch um flämesche Sender VRT 1 ausgestraalt gouf.[4],[5] An Holland war d'Serie vum 19. Juli un op Netflix ze gesinn.[6]

Ënnert dem engleschen Titel High Tides gouf d'Serie vum 7. Dezember 2023 un och am Rescht vun der Welt op Netflix verëffentlecht.[1]

Am Dezember 2023 goufen d'Dréiaarbechte fir eng zweet Staffel mat e puer neie Personnagen fir de Summer 2024 annoncéiert.[7]

Accueil[änneren | Quelltext änneren]

Kritik[änneren | Quelltext änneren]

D'Serie gouf allgemeng gutt bei de Kritiker opgeholl. Déi flämesch Zäitschrëft Humo huet geschriwwen, Knokke Off wier "méi spannend, méi gewot an einfach besser wéi all aner fiktional Wierker vu VRT dat Fréijoer".[8] D'Zeitung De Morgen huet besonnesch d'Leeschtunge vun de Schauspiller Pommelien Thijs ("Louise") a Willem De Schryver ("Alex") ervirgehuewen. D'Serie wier "séier, faszinéierend, einfach exzellent". Trotz dem iwwergeuerdenten Theema, datt déijéineg, déi d'Suen an de Status hunn, ausnamslos zum Lager vun der Gewënner gehéieren, géifen d'Dréibuchauteuren keng bëlleg Attacken op déi Räich ënnerhuelen, well d'Liewen och "Schäissmomenter fir déi bereet géif halen, déi sech e Kaschmirpullover ëm d'Schëlleren hänken".[9]

Déi belsch Websäit Geekster huet d'Serie an héchsten Téin gelueft, besonnesch d'Dréibuch, d'schauspilleresch Leeschtunge vun den Haaptacteuren, de Soundtrack an och d'Auswiel vun den Dréiplaze, well Knokke géif op Momenter ausgesi wéi eng exotesch Destinatioun an net wéi déi gewéinlech Belsch Küst.[10] Déi hollännesch Entertainmentzäitschrëft Veronica Superguide huet geschriwwen, Knokke Off wier "einfach ze verschléngen", mee datt et e bësse géif daueren, bis se an d'Lafe kéim. Besonnesch de Spannungen tëscht dem Alex a sengem Papp géif all Subtilitéit feelen a scheinbar riicht aus enger Soap kommen. D'Serie géif den Zuschauer net direkt festhalen, mee et wéilt ee wëssen, wéi et viru geet.[11]

D'Zeitung De Standaard dogéint huet Knokke Off als "absolut net ze gleewe" fonnt. D'Personnagë wieren eendimensional, d'Handlungssträng ze ruckaarteg, an d'Niewefigure géifen ouni intern Logik kommen a goen.[12] Déi holläneschen ëffentlech-rechtlech Televisiounsassociatioun BNNVARA huet bedauert, datt d'Dréibuchauteuren dacks op Clichéë géifen zeréckgräifen an d'Liewen op dem ënneschten Enn vun der sozialer Leeder ni wierklech gräifbar géife maachen. An der Serie géif dat räicht Liewen am Mëttelpunkt stoen.[13]

Am Oktober 2023 hat d'Serie op der hollännescher Plattform moviemeter.nl e Score vun 3,36 vu 5 Stären, bei 56 Ofstëmmungen.[14] An der Internet Movie Database (IMDb) hat d'Serie eng Duerchschnëttsbewäertung vun 7,6 vun 10 bei iwwer 1.500 Eenzelbewäertungen.

Erfolleg[änneren | Quelltext änneren]

D'Serie war e grousse Succès. Obwuel se ufanks nëmmen exklusiv um Onlineportal VRT MAX ze kucke war, goufen déi 10 Episoden an den éischte véier Méint iwwer siwe milliounemol ugeklickt. D'Hallschent vun deene Klicke koumen aus der Zilgrupp vun den dräizéng- bis véierandrëssegjäregen, déi allgemeng méi schwéier z'ereechen ass.[15]

Wéi d'Serie dunn och op der Televisioun diffuséiert gouf, goufen déi zwou éischt Follgen nach eng Kéier vun enger halwer Millioun Zuschauer live an zousätzleche 400.000 Leit zäitversat gekuckt.[16]

Och an Holland war d'Serie erfollegräich a stoung bei Netflix op der éischter Plaz vun de meeschtgekuckte Serien.[17]

Baussent der Belsch an Holland stoung Knokke Off, respektiv High Tides, no zwou Woche weltwäit an den Top-5 vun de meeschtgestreamten net-engleschsproochege Serien op Netflix, mat iwwer 3,3 Millioune Streams an der zweeter Woch.[1] A Spuenien, Uruguay, Argentienien an Däitschland stoung si op der zweeter Plaz, an Éisterräich op der drëtter an an der Schwäiz op der véierter Plaz.[18]

Beim flämeschen Televisiounspräis "De HA! van Humo" am Dezember 2023 war d'Serie eng vun zéng Sendungen, déi nominéiert waren.[19] D'Lieser vun der selwechter Zäitschrëft hu bei der "Humo's Pop Poll" Knokke Off an der Kategorie "Bescht Serie (national)" ausgezeechent.[20]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 businessam.be: ‘Knokke Off’ (‘High Tides’) scoort wereldwijd op Netflix vum Joke Vereecken (21. Dezember 2023)
  2. hln.be: “We mogen het eindelijk zeggen”: 'Knokke Off' krijgt een vervolg, opnames starten volgende zomer (13. Dezember 2023)
  3. vrt.be: Opnames gestart van 'Knokke off'
  4. vrt.be: Pommelien Thijs, Willem De Schryver en Eliyha Altena schitteren in gloednieuwe fictiereeks 'Knokke off' (12. Mee 2023)
  5. nieuwsblad.be: ‘Knokke Off’ start op VRT 1 meteen met dubbele aflevering vum Tom Vets (3. August 2023)
  6. bnnvara.nl: Knokke off: nieuwe Belgische dramaserie verschijnt 19 juli op Netflix vum Tom van Steensel (13. Juli 2023)
  7. vrt.be: Het verhaal gaat verder... Knokke off krijgt tweede seizoen! (12. Dezember 2023)
  8. humo.be: De tienerserie ‘Knokke Off’ is spannender, gewaagder en simpelweg beter dan alle andere VRT-fictie van dit voorjaar vum Stefaan Werbrouck (1. September 2023)
  9. demorgen.be: ‘Knokke off’ is zo goed dat je vergeet dat de reeks ‘Knokke off’ heet vum Elmo Lê van (7. Juli 2023)
  10. geekster.be: Knokke Off review: beste van twee werelden vum Elien Valcke (8. September 2013)
  11. veronicasuperguide.nl: Recensie Knokke Off – ‘Na een langzaam begin, grijpt de Vlaamse serie je aandacht vast’ vum Ruben Praster (19. Juli 2023)
  12. destandaard.be: F*** toch off met die Knokke off: thuis verdienen we beter vum Marc Reynebeau (3. August 2023)
  13. bnnvara.nl: Knokke Off S01E01: wéér drama met rijke jongelingen vum Omar Larabi (20. Juli 2023)
  14. D'Serie op moviemeter.nl
  15. var.be: Meer dan 7 miljoen videostarts voor VRT MAX only-serie Knokke off vum Geert Vansant (12. September 2023)
  16. newsmonkey.be: ‘Knokke Off’ is ook op televisie én in Nederland een groot succes vum Joke Vereecken (16. August 2023)
  17. filmtotaal.nl: Anna Drijver verovert Netflix nu helemaal met veel pikante scènes (27. Juli 2023)
  18. nieuwsblad.be: Zo goed scoort ‘Knokke off’ op Netflix: op 2 in Duitsland en Argentinië, op 3 in Oostenrijk vum Paul Demeyer (21. Dezember 2023)
  19. humo.be: Van ‘Godvergeten’ tot ‘Knokke Off’: wie wint vanavond de Ha! van Humo 2023? vum Stefaan Werbrouck (11. Dezember 2023)
  20. humo.be: De uitslagen van Humo’s Pop Poll: dit zijn uw man, vrouw én lul van het jaar! (26. Dezember 2023)