Kompilatioun (Musek)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Eng Kompilatioun ass an der Musekindustrie e Musekalbum mat Lidder vun engem oder verschiddenen Interpreten, déi aus ënnerschiddleche Quelle kommen (Studioalbumen, Livealbumen, Singlen, Demoen...). Zu de geleefegen Type vu Kompilatioune gehéieren ënner anerem Greatest Hits, Best Of oder Singles Collection, bei deenen op engem Album engem Interpret seng beschten oder bekannteste Lidder regruppéiert sinn; Genrekompilatiounen, op deenen Musekstécker vun engem bestëmmte Genre ze fanne sinn (z. B. eng Jazz); oder Themekompilatiounen, op deenen Musekstécker mat engem bestëmmten Thema ze fanne sinn (Zum Beispill Chrëschtdag, Léift...).