Konfuzius

Vu Wikipedia
Dëse Philosophiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Konfuzius
Gebuertsnumm 孔丘
Gebuer 551 v. Chr. jul.
Gestuerwen 479 v. Chr. jul.
Aktivitéit Philosoph, Enseignant, Schrëftsteller
De Konfuzius op enger traditioneller Duerstellung aus der Tang-Dynastie.

De Konfuzius – latiniséiert aus 孔夫子 Kǒng Fūzǐ – war e chineesesche Philosoph aus der Zäit vun de Fréijoers- an Hierschtannalen. Hien huet warscheinlech vu 551 v. Chr. bis 479 v. Chr. gelieft a gouf ënner dem Numm Kong Qiu (孔丘) an der Stad Qufu am chineesesche Staat Lu (der haiteger Provënz Shandong) gebuer, wou en och gestuerwen ass.

Dat zentraalt Theema vu senge Léiere war d'mënschlech Uerdnung, déi senger Meenung no duerch Respekt virun anere Mënschen an d'Veréierung vun den Ahnen erreechbar ass. Dem Konfuzius säin Ideal war den „Eedlen“ (君子 junzi), ee moralesch einwandfräie Mënsch. Eedel kann de Mënsch nëmmen da sinn, wann en an Harmonie mat dem Weltganzen ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Konfuzius – Biller, Videoen oder Audiodateien