Kraidergaart Wanseler

Vu Wikipedia
00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
Kraidergaart Wanseler
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Wanseler
Plaz Wanseler
Ugeluecht 1996

De Kraidergaart Wanseler (fr: Conservatoire de plantes médicinales de Winseler) war e botanesche Gaart, deen 1996 hanner der Kierch zu Wanseler ugeluecht gouf, an do bis Mëtt 2012 funktionéiert huet. Am Gaart ware ronn 900 Planzenaarten, de Gros dovun Heelkraider, ze gesinn. De Gaart gouf vun der Associatioun Kraidergaart Wanseler amenagéiert a geréiert.

Am August 2012 gouf matgedeelt, datt de Gaart zougemaach huet, dat wéinst engem Wiessel vum Proprietär vum Terrain, an datt d'Associatioun Kraidergaart Wanseler plangt de Gaart vun 2013 un op enger anerer Plaz am Naturpark Uewersauer nei unzeleeën[1],[2].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort vum 18. August 2012, S. 21.
  2. Artikel am mywort