Kulturzentrum Aalt Stadhaus

Vu Wikipedia
Kulturzentrum Aalt Stadhaus
Land Lëtzebuerg
Gemeng Déifferdeng
Plaz Déifferdeng
Adress 38, avenue Charlotte
Koordinaten 49°31'15,370"N, 5°53'15,803"O
Proprietär Déifferdeng
Zweck Kulturzentrum

D'Aalt Stadhaus ass e regionale Kulturzentrum dee seng Dieren den 31. Januar 2014 zu Déifferdeng opgemaach huet.[1] D'Leit konnte bei enger Porte ouverte, den 1. an 2. Februar 2014, dat neit Gebai kenneléieren.[2] Den éischte Concert war de 7. Februar 2014.

D'Gebai besteet aus 6 Deeler:

  • E grousse Sall mat enger Capacitéit vun 201 Plazen fir Concerten, Theatervirstellungen, Stand-up Comedy, Konferenzen a villes méi.
  • Eng Salle polyvalente mat enger Capacitéit vu 60 Plazen.
  • Déifferdenger Museksschoul mat ronn 830 Schüler.[3]
  • Déifferdenger Bibliothéik mat ronn 42.000 Wierker.
  • Kulturbüro vun der Stad Déifferdeng, deen och zoustänneg fir d'Programmatioun vum Gebai ass.
  • E Bar-Restaurant.

Geographesch läit de Kulturzentrum Aalt Stadhaus am Zentrum vun der Stad Déifferdeng an der Avenue Charlotte.

De Kulturzentrum gouf fir de Mies-van-der-Rohe-Präis 2015 nominéiert, deen awer schliisslech d'Philharmonie Stettin krut .

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aalt Stadhaus (Differdange) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Differdingen: "Aalt Stadhaus" eingeweiht op wort.lu vum 31. Januar 2014
  2. Differdingen: "Aalt Stadhaus" eingeweiht op wort.lu vum 1. Februar 2014
  3. In Differdingen ist die Musikschule Opfer des eigenen Erfolgs op tageblatt.lu vum 28. Januar 2020