Lëtzebuerger Gesellschaft fir Barockmusek

Vu Wikipedia

D'Lëtzebuerger Gesellschaft fir Barockmusék asbl (LGBM), déi 1994 gegrënnt gouf, déngt der Fleg vu Barockmusek am Lëtzebuerger Land wéi och an der Groussregioun.

Hir gehéiert de Barockorchester Ensemble Baroque du Luxembourg (EBL) un. Dem LGBM ass eng authentesch Opféierung vu barocker, och genannt, aler Musek a Gesang wichteg. Dobäi gëtt besonnesch op Stil an op Originalinstrumenter Wäert geluecht. Den LGBM organiséiert Concerten, ass awer virun allem Coordinateur, soudatt Museker, Musekwëssenschaftler, Organisateuren an Interessenten hei déi néideg Ënnerstëtzung fannen, fir hir eegen Opféierungen a Konferenzen z'organiséieren.