La grande vadrouille
Ausgesinn
La grande vadrouille ass e franséisch-brittesche Film vum Gérard Oury aus dem Joer 1966. Dëse Kaméidisfilm war laang, mat 17 Millioune Entréeën, de gréisste Succès vum franséische Kino. Eréischt 2008 gouf e vu Bienvenue chez les Ch'tis iwwerholl.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]Am Joer 1942 gëtt e brittesche Bomber vun der däitscher Flak erofgeschoss. D'Besatzung vom Fliger ka sech mam Fallschierm retten. Zwéin Zaldote gi vun den Däitsche gefaangen an déi dräi aner gi vu Fransouse verstoppt. No ville Schwieregkeete geléngt et zwéi Fransousen, dem choleereschen Dirigent Lefort (Louis de Funès) an dem naiven Usträicher Bouvet (Bourvil), déi dräi Britten aus Paräis eraus an déi fräi Zon vu Frankräich ze bréngen…