Rémy Julienne

Vu Wikipedia
Rémy Julienne
Gebuertsnumm Rémi Lucien Ernest Julienne
Gebuer 17. Abrëll 1930
Cepoy
Gestuerwen 21. Januar 2021
Amilly
Doudesursaach COVID-19
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Motorradcoureur, Cascadeur, Schauspiller, Autospilot

De Rémy Julienne, gebuer de 17. Abrëll 1930 zu Cepoy a gestuerwen den 21. Januar 2021 zu Amilly war e franséische Cascadeur, Motocrosssportler an Automobilsportler.

Hie war 1958 franséische Champion am Motocross.

Hien huet seng Carrière als Cascadeur 1964 am Film Fantômas gestart. Hien huet d'Cascade fir bekannt franséisch Filmer wéi Le Gendarme de Saint-Tropez, La grande vadrouille, Le cerveau, Le Pacha, Les aventures de Rabbi Jacob, Trois hommes à abattre an Taxi realiséiert. Hien huet fir sechs Filmer aus der James Bond-Serie For Your Eyes Only, Octopussy, A View to a Kill, The Living Daylights, Licence to Kill a GoldenEye un de Cascade matgeschafft.

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]