James Bond
██ Länner, déi de Bond a senge Filmer net besicht huet, wou awer gedréit gouf.]]
De fiktive Filmpersonnage James Bond ass e sophistikéierte britesche Spioun, deen erfonnt gouf vum Ian Fleming an an deem senge Bicher vierkënnt (spéiderhin och an de Bicher vun : Kingsley Amis, John Pearson, John Gardner, Raymond Benson an, zënter kuerzem, Charlie Higson).
De Fleming huet säi Personnage nom amerikaneschen Ornitholog James Bond benannt an huet spéider der Fra vun deem Mann an engem Bréif geschriwwen : "[his] brief, unromantic, Anglo-Saxon, and yet very masculine name was just what I needed". De Bond huet de Codenumm "007", deen "double-ou seven" ausgeschwat gëtt. Den "double-oh" heescht datt hien d'licence to kill huet; et ass d'Autorisatioun op senge Missioune Leit ëmzebréngen. Vum James Bond gëtt et eng Serie vu Filmer, déi vun EON Productions gemaach si ginn, déi e grousse Succès kennt. D’Majoritéit vun deene Filmer gouf vum Albert R. Broccoli a vum Harry Saltzman gemaach. Spéiderhin huet dem Broccoli seng Duechter, d'Barbara Broccoli an säi Stéifjong, de Michael G. Wilson, weidergefuer. D'Filmer goufe gréisstendeels vun United Artists oder MGM op de Marché bruecht. Et gëtt och eng Rei vu Videospiller déi op Filmer baséieren an e puer mat Original-Skripte mat dem Personnage.
Den "James Bond" ass d'populär Kultur an an de populäre Langage intégréiert ginn, am engleschsproochege Raum soen d'Leit wann se eppes futuristesches wëlle beschreiwen: "right out of James Bond", "James Bond style security", asw.
Déi vill a verschidden James Bond-Romaner a -Filmer hunn, mat de Joren, de Stil geäennert : vu realistesche Spionagedramaen op Science Fiction.
Inhaltsverzeechnes |
Wien ass den James Bond? [änneren]
Den zentrale Personnage, den James, ass de Jong vun engem schottesche Papp, dem Andrew Bond, an enger schwäizer Mamm, der Monique Delacroix, déi schonn allenzwee dout sinn, duerch Accidenter beim Klammen an de Bierger, zu där Zäit wou d'Bicher spillen. Den James ass kuerz an d'Schoul gaangen op den Eton College, mä no enger Libesbezéiung ass hien do erausgeworf ginn an dunn op de Fettes College a Schottland gaangen.
An de Filmversioune vum Personnage, huet de Bond de Diplom an orientalesche Sprooche vun der Cambridge University, obwuel dat à l'encontre vun den Informatiounen an de Romaner geet an der Zeen am Film Tomorrow Never Dies geet wou de Bond et net fäerdeg bréngt e Computer mat chineseschem Clavier ze benotzen. De Bond kann also fléissend Russesch schwätzen. Hie behaapt am Film The World is Not Enough datt hien déi Sprooch zu Oxford geléiert huet, an et kann een hien an de verschiddene Filmer a ville Sprooche schwätzen héieren. Hie war an der Royal Navy éiert hie bei de Secret Service gaangen ass an huet de miliätaresche Rang vun engem Commander. Den John Gardner huet, a senge Bicher, de Bond promovéiere geloss an de Rang vun engem Captain, mä hie gouf no an no dégradéiert, ouni Erklärungen. An de Bicher genee wéi an de Filmer bestit sech de Bond, mä seng Fra gëtt den Dag vum Bestietness vu sengem gréisste Feind ëmbruecht, dem Ernst Stavro Blofeld; dee Fait huet ëmmer nach eng gewësse Resonanz, an de Bicher genee wéi an de Filmer.
An de Romaner, ass seng eeler schottesch Haushälterin, d'May, déi net nëmmen an de ville Romane vum Fleming ëremkënnt, eng vun den eenzege Konstanten. Mäsi huet sech als genee sou alterslos erausgestallt wéi si a verschiddene vun dem John Gardner senge Romaner opgedaucht ass. D'May ass och e vun deene wéinege Personnagen, déi ëmmer nees an de Bicher opdauchen, deen zwar am literaresche Kanon virkënnt, mä net an de Filmer ze gesinn ass.
Dem Fleming säi Bond gouf 1924 gebuer, huet bei sengem Alter gelunn fir 1941 an der Royal Navy Volunteer Reserve kënne Member ze ginn, an ass um Enn vum Krich "Commander".
De Motto vun der Bond-Famill "Orbis non sufficit" (Latäin fir "D'Welt ass net genuch").
James Bond Bicher [änneren]
Vum Ian Fleming (28. Mee 1908 – 12. August 1964) [änneren]
- Casino Royale (1953)
- Live and Let Die (1954)
- Moonraker (1955)
- Diamonds are Forever (1956)
- From Russia with Love (1957)
- Dr. No (1958)
- Goldfinger (1959)
- Thunderball (1961)
- The Spy Who Loved Me (1962)
- On Her Majesty's Secret Service (1963)
- You Only Live Twice (1964)
- The Man with the Golden Gun (1965) Wéinst dem Doud vum Ian Fleming soll den Kingsley Amis deen net ganz fäerdege Roman zu Enn geschriwwen hunn.
- For Your Eyes Only. Five Secret Occasions in the Life of James Bond (1960) dat aus 5 Kuerzgeschichten besteet.. Nämlech For Your Eyes Only, A View to a Kill, Quantum of Solace, Risico an The Hildebrand Rarity
- Octopussy an The Living Daylights (1966) am Original. Am Täschebuch ass nach eng drëtt Geschicht derbäi komm The Property of a Lady.
Vum Kingsley Amis (ënnert dem Numm "Robert Markham") [änneren]
- Colonel Sun (1968)
Vum John Gardner [änneren]
- License Renewed (1981)
- For Special Services (1982)
- Icebreaker (1983)
- Role of Honour (1984)
- Nobody Lives Forever (1986)
- No Deals, Mr. Bond (1987)
- Scorpius (1988)
- Win, Lose or Die (1989)
- Brokenclaw (1990)
- The Man From Barbarossa (1991)
- Death is Forever (1992)
- Never Send Flowers (1993)
- SeaFire (1994)
- Cold (1996) (an der amerikanescher Editioun Cold Fall )
Vum Raymond Benson [änneren]
Romaner [änneren]
- Zero Minus Ten (1997)
- The Facts of Death (1998)
- High Time to Kill (1999)
- Doubleshot (2000)
- Never Dream of Dying (2001)
- The Man with the Red Tattoo (2002)
Kuerzgeschichten [änneren]
- Blast from the Past
- Midsummer Night's Doom
- Live at Five
Offiziell James Bond Filmer [änneren]
Filmer mam Sean Connery [änneren]
- 1: Dr. No, 1962. mam Ursula Andress, Joseph Wiseman an Jack Lord. Regie: Terence Young
- 2: From Russia with Love, 1963 mam Daniela Bianchi an Robert Shaw. Regie:Terence Young
- 3: Goldfinger, 1964. mam Honor Blackman an Gert Fröbe. Regie: Guy Hamilton
- 4: Thunderball, 1965 mam: Claudine Auger an Adolfo Celi. Regie:Terence Young
- 5: You Only Live Twice, 1967. mam: Akiko Wakabayashi, Mie Hama, Donald Pleasence an Tetsuro Tamba. Regie: Lewis Gilbert
- 7: Diamonds Are Forever, 1971. mam: Jill St. John an Charles Gray, Regie:Guy Hamilton
Film mam George Lazenby [änneren]
- 6: On Her Majesty's Secret Service, 1969. mam: Diana Rigg an Telly Savalas. Regie: Peter R. Hunt.
Filmer mam Roger Moore [änneren]
- 8: Live and Let Die, 1973. mam: Jane Seymour an Yaphet Kotto. Regie: Guy Hamilton
- 9: The Man with the Golden Gun, 1974. mam Christopher Lee, Hervé Villechaize, Britt Ekland an Maud Adams. Regie: Guy Hamilton
- 10: The Spy Who Loved Me, 1977 mam: Barbara Bach, Richard Kiel an Curt Jurgens. Regie: Lewis Gilbert
- 11: Moonraker, 1979.mam: Lois Chiles, Richard Kiel an Michael Lonsdale. Regie: Lewis Gilbert
- 12: For Your Eyes Only, 1981. mam: Carole Bouquet, Topol, Lynn-Holly Johnson an Julian Glover. Regie: John Glen.
- 13: Octopussy, 1983. mam: Maud Adams, Louis Jourdan an Steven Berkoff. Regie: John Glen
- 14: A View to a Kill, 1985. mam: Christopher Walken, Patrick Macnee, Tanya Roberts, Patrick Bachau an Grace Jones. Regie: John Glen
Filmer mam Timothy Dalton [änneren]
- 15: The Living Daylights, 1987 mam: Maryam d'Abo, Jeroen Krabbe, Joe Don Baker an John Rhys-Davies. Regie: John Glen
- 16: Licence to Kill, 1989. mam: Talisa Soto, Robert Davi, Wayne Newton, Benicio Del Toro, Everett McGill an Carey Lowell. Regie: John Glen
Filmer mam Pierce Brosnan [änneren]
- 17: GoldenEye, 1995. mam: Izabella Scorupco, Alan Cumming, Sean Bean, Robbie Coltrane, Joe Don Baker an Famke Janssen. Regie: Martin Campbell.
- 18: Tomorrow Never Dies,1997. mam: Jonathan Pryce, Vincent Schiavelli, Joe Don Baker, Teri Hatcher, an Michelle Yeoh. Regie: Roger Spottiswoode.
- 19: The World Is Not Enough, 1999. mam: Sophie Marceau, Robert Carlyle, Robbie Coltrane an Denise Richards. Regie: Michael Apted.
- 20: Die Another Day, 2002. mam: Halle Berry, Michael Madsen, Rick Yune, Toby Stephens, Madonna an Rosamund Pike. Regie: Lee Tamahori.
Filmer mam Daniel Craig [änneren]
- 21: Casino Royale, 2006, mam Eva Green, Mads Mikkelsen, Jeffrey Wright, Judi Dench, Simon Abkarian an Giancarlo Giannini. Regie: Martin Campbell
- 22: Quantum of Solace, 2008, mam Gemma Arterton, Judi Dench an Giancarlo Giannini. Regie: Marc Forster
- 23: Skyfall, 2012, mam Javier Bardem, Judi Dench a Ralph Fiennes. Regie: Sam Mendes
Inoffiziell James Bond Filmer [änneren]
[änneren]
- Casino Royale, 1967.mam: David Niven,Peter Sellers, Ursula Andress, Jacqueline Bisset, Deborah Kerr, Daliah Lavi, Joanna Pettet, Woody Allen, William Holden, Charles Boyer, Jean-Paul Belmondo, John Huston, George Raft, Burt Kwouk an Orson Welles. Regie:Val Guest, Ken Hughes, John Huston, Joseph McGrath an Robert Parrish
Film mam Sean Connery [änneren]
- Never Say Never Again, 1983. mam: Klaus Maria Brandauer, Kim Basinger, Barbara Carrera, Rowan Atkinson, Edward Fox an Max von Sydow. Regie: Irvin Kershner.
Dem Bond seng Meedercher (Bond Girls) [änneren]
- Dr. No (1962 ): Ursula Andress als Honey Ryder, Eunice Gayson als Sylvia Trench a Zena Marshall als Miss Taro
- From Russia with Love (1963): Daniela Bianchi als Tatiana Romanova a Eunice Gayson als Sylvia Trench
- Goldfinger (1964): Shirley Eaton als Jill Masterson , Tania Mallet als Tilly Masterson , Honor Blackman als Pussy Galore
- Thunderball (1965):Claudine Auger als Dominique "Domino" Derval , Luciana Paluzzi als Fiona Volpe a Molly Peters als Patricia Fearing
- You Only Live Twice (1967): Akiko Wakabayashi als Aki , Mie Hama als Kissy Suzuki a Karin Dor als Helga Brandt
- Casino Royale (1967): Ursula Andress, Jacqueline Bisset, Deborah Kerr, Daliah Lavi a Joanna Pettet
- Diamonds Are Forever (1971): Jill St. John als Tiffany Case a Lana Wood als Plenty O'Toole
- On Her Majesty's Secret Service (1969): Diana Rigg als Tracy Bond
- Live and Let Die (1973): Jane Seymour als Solitaire
- The Man with the Golden Gun (1974): Britt Ekland als Mary Goodnight a Maud Adams als Andrea Anders
- The Spy Who Loved Me (1977) :Barbara Bach als Anya Amasova
- Moonraker (1979): Lois Chiles als Holly Goodhead a Corinne Clery als Corinne Dufour
- For Your Eyes Only (1981):Carole Bouquet als Melina Havelock a Lynn-Holly Johnson als Bibi Dahl
- Octopussy (1983):Maud Adams als Octopussy a Kristina Wayborn als Magda
- Never Say Never Again (1983):Kim Basinger als Domino Petachi
- A View to a Kill (1985):Tanya Roberts als Stacey Sutton a Grace Jones als May Day
- The Living Daylights (1987) : Maryam d'Abo als Kara Milovy
- Licence to Kill (1989) :Talisa Soto als Lupe Lamora a Carey Lowell als Pam Bouvier
- GoldenEye (1995):Izabella Scorupco als Natalya Simonova
- Tomorrow Never Dies (1997):Michelle Yeoh als Wai Lin
- The World Is Not Enough: (1999): Sophie Marceau als Elektra King a Denise Richards als Christmas Jones -
- Die Another Day (2002):Halle Berry als Jinx Johnson a Rosamund Pike als Miranda Frost
D'Komponiste vun der Originalmusek aus de Bond-Filmer [änneren]
- Dr. No]] (1962): Monty Norman
- From Russia with Love (1963): John Barry
- Goldfinger (1964): John Barry
- Thunderball (1965): John Barry
- You Only Live Twice (1967): John Barry
- Casino Royale (1967) Burt Bacharach
- On Her Majesty's Secret Service (1969): John Barry
- Diamonds Are Forever (1971): John Barry
- Live and Let Die (1973): George Martin
- The Man with the Golden Gun]] (1974): John Barry
- The Spy Who Loved Me (1977) : Marvin Hamlisch
- Moonraker (1979): John Barry
- For Your Eyes Only (1981): Bill Conti
- Octopussy (1983): John Barry
- Never Say Never Again (1983): Michel Legrand
- A View to a Kill (1985): John Barry
- The Living Daylights (1987) : John Barry
- Licence to Kill (1989) : Michael Kamen
- GoldenEye (1995): Eric Serra
- Tomorrow Never Dies (1997): David Arnold
- The World Is Not Enough: (1999): David Arnold
- Die Another Day (2002): David Arnold
- Casino Royale (2006): David Arnold
- Quantum of Solace: (2008): David Arnold
- Skyfall (2012): Thomas Newman
- D’James Bond Thema: Monty Norman
| Commons: James Bond – Biller, Videoen oder Audiodateien |