Lemma vum Euklid
De Lemma vum Euklid ass e Resultat aus der Zuelentheorie. E seet, datt all natierlech Zuel
vun enger Primzuel gedeelt gëtt.
Beweis [änneren]
De Beweis gëtt mam Prinzip gefouert, datt en Ensemble vun natierlechen Zuelen, deen net eidel ass, ëmmer e klengstent Element enthält. Elo ass eng natierlech Zuel
entweder eng Primzuel (d.h. mer si fäerdeg mam Beweis, well
jo säin eegenen Deeler ass), oder se ass zesummegesat, d.h. et gtt eng natierlech Zuel
, déi
deelt. Faasse mer alleguerten déi natierlech Zuelen zesummen, déi dës lescht Bedingung erfëllen, dann kreie mer den net eidelen Ensemble
.
Dësen huet also e kléngstent Element, d.h. et gëtt eng natierlech Zuel
, déi méi kleng wéi all déi aner Elementer vun
ass. Da muss
eng Primzuel sinn, well wa
zesummegesat wier, da géif jo nees eng natierlech Zuel
existéieren, déi
deelt, an opgrond vun der Transitivitéit vun der Deelbarkeet (cf. Deeler) misst
och
deelen, also en Element vun
sinn. Dat steet awer am Widdersproch dozou, dat
dat klengsten Element vun
ass. Dat beweist de Lemma.
.