Liberaldemokratesch Partei (Groussbritannien)
D'Liberaldemokratesch Partei (offiziell Liberal Democrats) ass eng politesch Partei a Groussbritannien. Mat 63 Sëtzer ass si déi drëttgréisste Partei am House of Commons, dem britesche Parlament (2007).
Inhaltsverzeechnes |
Allgemenges [änneren]
D'Partei ass 1988 aus dem Zesummeschloss vun der Liberal Party mat der Social-Democratic Party (déi sech kuerz vierdru vun der Labour Party lassgesot haten) entstanen. Si vertrëtt am Allgemenge sozial-liberal a pro-europäesch Standpunkten. Traditionell geographesch Schwéierpunkte vun der Liberaldemokratescher Partei leien a Schottland an a Südwest-England. Party Leader ass den Nick Clegg, deen am House of Commons de schottesche Walkrees Sheffield Hallam vertrëtt.
Politeschen Afloss [änneren]
Nieft hiren 63 Deputéierten am House of Commons huet d'Liberaldemokratesch Partei 16 Sëtz am Schottesche Parlament a 6 Sëtz an der National Assembly vu Wales. Weider kontrolléiert si 27 Grofschaften a Groussbritannien. Am Europaparlament stellt si 12 vun den 78 briteschen Deputéierten, déi Member vun der Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa (ALDE) sinn.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
Websäit vun der Liberaldemokratescher Partei (en)
| Commons: Liberal Democrats (UK) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
