Louis Majorelle

Vu Wikipedia
Louis Majorelle
Gebuertsnumm Louis Jean Sylvestre Majorelle
Gebuer 26. September 1859
Toul
Gestuerwen 15. Januar 1926
Nanzeg
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École nationale supérieure des beaux-arts
Aktivitéit Designer, Glaser, Moler

De Louis-Jean-Sylvestre Majorelle, gebuer de 26. September 1859 zu Toul, a gestuerwen de 15. Januar 1926 zu Nanzeg, war e franséische Konschtschräiner an Designer, deen zu der Jugendstil-Beweegung École de Nancy gehéiert huet, vun där hien ee vun de Vizepresidente war.

De Louis Majorelle huet an der Konschtschräinerei vu sengem Papp ugefaangen ze schaffen. Nieft dem Miwwelbau koum ëm d'Joerhonnertwenn e Konschtschmattatelier bäi, fir Fer-forgés- Glännere vu Balconen, Trapen, asw. ze maachen, an de Majorelle huet mam Glasatelier vun de Bridder Daum zesummegeschafft. Sou koum et datt Nazeg ee vun den Zentre vum Jugendstil gouf. Seng Miwwele goufen op der Weltausstellung ausgestallt, an uechtert Europa verkaf. 1910 hat de Majorelle Miwwelbutteker zu Nanzeg, Paräis, Lyon a Lille.

Am Februar 1901 war de Louis Majorelle e Grënnungsmember vun der École de Nancy, an där Kënschtler, Architekten, Konschtkritiker an Industrieller aus Loutrengen zeusummegeschafft hunn, a sou vill zu der Verbreedung vum Jugendstil bäigedroen hunn.

D'Villa Majorelle.

Dem Majorelle säin Haus aus dem Joer 1901-1902, d'Villa Majorelle zu Nanzeg, gëtt haut als e Jugensdtil-Gesamtkonschtwierk ugesinn. Architekt war den Henri Sauvage, vill Kënschtler hu bei den Dekoratioune banne wéi bausse matgeschafft; sou sinn d'Konschtschräinereien an d'Miwwele bannena gréisstendeels vum Majorelle selwer.

1914 ass dem Majorelle säi ganzen Atelier duerch e Feier zerstéiert ginn; bis zum Enn vum Krich huet hien zu Paräis bei Frënn gewunnt a geschafft. Hie koum duerno zwar nees op Nanzeg zeréck, huet seng Villa awer missen an den 1920er Jore verkafen, seng Entreprise huet 1931, fënnef Joer no sengem Doud, zougemaach.

Zu senge Wierker zielen ë. a. d'Gelänner vun der monumentaler Trap vun de Galeries Lafayette zu Paräis (1974 ofmontéiert), Entwërf vu Konschtschmadd-Aarbechten um Haus vum Dokter Paul Jacques (1905) an der Banque Charles Renauld sou wéi eng sëllege Miwwelen (Exemplairen dovu sinn z. B. am Musée d'Orsay ze gesinn).

Hien huet och Glasmolereien entworf, z. B. déi vum Verwaltungssëtz vun den Aciéries de Longwy zu Longlaville (no sengem Doud realiséiert; haut Nationalmonument).

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Roselyne Bouvier, Majorelle: une aventure moderne (avant-propos de Christian Debize), Bibliothèque des arts, Paris ; Éditions Serpenoise, Metz, 1991, 239 p. ISBN 2850471763.
  • Majorelle, un art de vivre moderne, sous la direction de Roselyne Bouvier et de Valérie Thomas, Éditions Nicolas Chaudun, 2009, 208 p. ISBN 978-2-35039-077-2

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Louis Majorelle – Biller, Videoen oder Audiodateien